2022
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2018 |
2019 |
2020 |
2021 |
2022
| 2023
| 2024
| 2025
| 2026
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2022.
D'Joer 2022 fänkt op engem Samschdeg un. Et ass kee Schaltjoer.
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 30. Januar: Bei virgezunnene Parlamentswalen a Portugal gewënnt dem Premierminister António Costa seng Sozialistesch Partei mat 117 vun 230 Sëtz d'absolutt Majoritéit.
- 13. Februar: De Frank-Walter Steinmeier gëtt zum däitsche Bundespresident erëmgewielt.
- 24. Februar: Russland fänkt mat engem Ugrëffskrich op d'Ukrain un, nodeems et 2 Deeg virdrun d'Onofhängegkeet vun de vu russesche Rebelle kontrolléierte sougenannte "Volleksrepublicken" Luhansk an Donetsk eesäiteg unerkannt huet. Iwwer 4 Milliounen Ukrainer sinn an d'westlech Nopeschlänner an aner EU Staate geflücht; weltwäit kënnt et zu Protester, a vu Säite vu ville Länner zu Wirtschaftssanktioune géint Russland. No zwéi Méint Kämpf gëtt et Zéngdausende vun Doudegen op béide Säiten, dorënner vill ukrainesch zivil Affer.
- : Dem aktuelle Premierminister 3. AbrëllViktor Orbán seng FIDESZ-Partei gewënnt bei de Parlamentswalen an Ungarn, mat 135 vun den 199 Sëtzer, déi absolut Majoritéit.
- Aleksandar Vučić gëtt a Serbien bei de Presidentschaftswalen erëmgewielt. Bei de Parlamentswalen dee selwechten Dag bleift seng Walallianz stäerkst Partei, verléiert awer hir absolut Majoritéit. 3. Abrëll: Den
- 24. Abrëll: Beim zweeten Tour vun de Presidentewalen am Frankräich gewënnt den amtéierende President Emmanuel Macron géint d'Marine Le Pen.
- 24. Abrëll: Bei de Parlamentswalen a Slowenien gewënnt déi oppositionel Fräiheetsbeweegung (GS) vum Robert Golob.
- 16. Mee: D'Elisabeth Borne gëtt zu der neier Premierministesch a Frankräich ernannt.
- 19. Juni: Beim 2. Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich verléiert Ensemble pour la majorité présidentielle déi absolut Majoritéit a kënnt op 245 vu 577 Sëtzer, d' Nouvelle Union Populaire écologique et sociale kritt der 131, de Rassemblement National der 89 an d' Union de Droite et du Centre der 64.
- 23. Juni: Um Europäesche Conseil zu Bréissel kréien d'Ukrain a Moldawien de Status vun engem Kandidat fir der EU bäizetrieden.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- : D' 5. JanuarRegierung Bettel-Lenert-Bausch trëtt, mat 3 neie Ministeren, hir Fonctioun un.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 23. Januar: Militärputsch am Burkina Faso.
- 15. Mee: Den Hassan Sheikh Mohamud gëtt zum neie President vu Somalia gewielt.
- 25. Juni: Gabun an Togo gi Member vum Commonwealth.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
Nordamerika[änneren | Quelltext änneren]
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
- 19. Juni: De Gustavo Petro gëtt zum neie President vu Kolumbien gewielt.
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- : Ausbroch vu schwéieren Onrouen am 2. JanuarKasachstan, wou bannent e puer Deeg 225 Leit ëm d'Liewe koumen an der bal 5.000 blesséiert goufen.
- : De 9. MäerzYoon Seok-youl gëtt zum neie President vu Südkorea gewielt.
- 12. Mäerz: De Serdar Berdymukhamedov gewënnt d'Presidentewalen am Turkmenistan, hie gëtt den 19. Mäerz vereedegt.
- 19. Abrëll: De José Ramos-Horta gëtt zum neie President vun Timor-Leste gewielt, nodeems en dat schonn eng Kéier virun 10 Joer war.
- 21. Juni: Iwwer 1.000 Doudeger bei engem schwéieren Äerdbiewen am Oste vum Afghanistan.
- 30. Juni: De Ferdinand Marcos Jr. gëtt neie President op de Philippinnen.
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
- 14. Mee: De Mohamed bin Zayed Al Nahyan, Emir vun Abu Dhabi, gëtt neie President vun de Vereenegten Arabeschen Emirater.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
- Esch-Uelzecht ass, zesumme mam litauesche Kaunas an dem serbesche Novi Sad, Europäesch Kulturhaaptstad (kuckt: Esch 2022).
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Servais-Präis: Guy Helminger fir Lärm.
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- 14. Mee: de Kalush Orchestra aus der Ukraine gewënnt den Eurovision Song Contest 2022 mam Lidd Stefania.
Kino[änneren | Quelltext änneren]
- Oscar fir de beschte Film: Coda vun der Sian Heder.
- César fir de beschte Film: Illusions perdues vum Xavier Giannol.
- Gëlle Palm fir Triangle of Sadness vm Ruben Östlund.
Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]
- : D' 1. JanuarRegional Comprehensive Economic Partnership, dat gréisst Fräihandelsofkommes vun der Welt, trëtt a Kraaft.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
- 18. Mäerz: D'Çanakkale-1915-Bréck an der Tierkei, déi Hänkbréck mat der gréisster Spanwäit op der Welt, gëtt ageweit.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 4. bis 20. Februar: Olympesch Wanterspiller zu Beijing.
- 21. Nov. bis 18. Dez.: 22. Foussball-Weltmeeschterschaft vun den Hären am Katar.
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- ?. Januar: Sophie Proost, lëtzebuergesch Theaterschauspillerin.
- : 4. JanuarMario Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- : 6. JanuarPeter Bogdanovich, US-amerikanesche Filmregisseur.
- Sidney Poitier, US-amerikanesche Schauspiller. 6. Januar:
- 11. Januar: David Sassoli, italieenesche Politiker.
- 12. Januar: Guy W. Stoos, lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.
- 12. Januar: Victor Fenigstein, schwäizeresch-lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
- 12. Januar: Joseph Zangerle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. Januar: Jean-Jacques Beineix, franséische Filmregisseur.
- 14. Januar: Ricardo Bofill, spueneschen Architekt.
- 16. Januar: Ibrahim Boubacar Keïta, malesche Politiker.
- 16. Januar: Ota Nalezinek, tschechesch-lëtzebuergesche Moler a Graphiker.
- 17. Januar: Yvette Mimieux, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. Januar: Michel Subor, franséische Schauspiller.
- 19. Januar: Hardy Krüger, däitsche Schauspiller.
- 19. Januar: Gaspard Ulliel, franséische Schauspiller.
- 20. Januar: Meat Loaf, US-amerikanesche Rocksänger.
- 23. Januar: Serge Korber, franséische Filmregisseur.
- 23. Januar: Jean-Claude Mézières, franséische Comiczeechner.
- 25. Januar: Etchika Choureau, franséisch Schauspillerin.
- 26. Januar: Ernst Stankovski, éisträichesche Schauspiller.
- : 2. FebruarMonica Vitti, italieenesch Schauspillerin.
- : 4. JanuarMario Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- : 6. JanuarPeter Bogdanovich, US-amerikanesche Filmregisseur.
- : 8. FebruarLuc Montagnier, franséische Virolog.
- : 9. FebruarAndré Wilms, franséische Schauspiller.
- 12. Februar: Ivan Reitman, kanadesche Regisseur
- 19. Februar: Jacques Poos, lëtzebuergesche Politiker.
- 22. Februar: Claudine Junck, lëtzebuergesch Diplombiologin.
- 23. Februar: Henri Kugener, lëtzebuergeschen Dokter, Medezinhistoriker an Auteur.
- 24. Februar: Sally Kellerman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 27. Februar: Veronica Carlson, englesch Schauspillerin.
- 13. Mäerz: William Hurt, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Mäerz: Ann Savo, finnesch Schauspillerin.
- 21. Mäerz: Eva-Ingeborg Scholz, däitsch Schauspillerin.
- 23. Mäerz: Madeleine Albright, US-amerikanesch Politikerin.
- 25. Mäerz: Taylor Hawkins, US-amerikanesche Museker.
- : 2. AbrëllPaul Lenert, lëtzebuergesche Journalist a Manager.
- : 5. AbrëllSidney Altman, kanadesch-US-amerikanesche Molekularbiolog.
- Nehemiah Persoff, US-amerikanesche Schauspiller. 5. Abrëll:
- : 7. AbrëllDavid McKee, brittesche Kannerbuchauteur an Illustrateur.
- : 9. AbrëllMichael Degen, däitsch-israeelesche Schauspiller.
- 13. Abrëll: Michel Bouquet, franséische Schauspiller.
- 17. Abrëll: Catherine Spaak, franséisch Schauspillerin a Moderatorin.
- 21. Abrëll: Renate Holm, däitsch Operesängerin a Schauspillerin.
- 21. Abrëll: Jacques Perrin, franséische Schauspiller a Filmproduzent.
- 23. Abrëll: Arno, belsche Museker.
- 30. Abrëll: André Elvinger, lëtzebuergesche Jurist.
- 17. Mee: Édouard Kutter, lëtzebuergesche Fotograf, Editeur.
- 17. Mee: Vangelis, griichesche Museker.
- 23. Mee: Anita Gradin, schweedesch Politikerin.
- 26. Mee: Andrew Fletcher, britesche Museker.
- 26. Mee: Ray Liotta, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Mee: Nicole Castan, franséisch Kënschtlerin.
- 28. Mee: Adolphe Deville, lëtzebuergesche Moler.
- 28. Mee: Bujar Nishani, albanesche Politiker.
- 17. Juni: Jean-Louis Trintignant, franséische Schauspiller.
- 28. Juni: Martin Bangemann, däitsche Politiker.
- : 1. JuliMaurizio Pradeaux, italieenesche Filmregisseur.
- : 2. JuliPeter Brook, engleschen Auteur, Film- an Theaterregisseur.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 2022 – Biller, Videoen oder Audiodateien |