E war vun der Regierung Werner-Schaus II initiéiert ginn. Si hat de 16. Juli 1973 e Memorandum of understanding mat der RWE Essen ënnerschriwwen, fir eng Etude de faisablilité maachen ze loossen, fir laanscht d'Musel zu Remerschen eng Atomzentral vun enger Leeschtung vun 1.200 Megawatt ze bauen. Se sollt vun enger Firma no Lëtzebuerger Recht geplangt, gebaut a spéider bedriwwe ginn, an där de Lëtzebuerger Staat an d'RWE jee d'Hallschent vun de Parten hätten.
Déi Gesellschaft gouf den 30. Januar 1974 ënner dem Numm Société luxembourgeoise d'énergie nucléaire S.A. (kuerz: Senu) gegrënnt, an huet gläich mat de Viraarbecht vun de Pläng ugefaangen. Den TÜV Rheinland gouf vum Gesondheetsminister Camille Ney domat chargéiert, d'technesch Spezifizéierungen, déi an den Appel d'offre sollte kommen, op hir Sécherheetsrelevanz z'iwwerpréiwen.
... d'Lise Rischard (geb. Meyer, 1868-1940) am Éischte Weltkrich den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der Stater Gare zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert goufen?
... vun den iwwer 40 sougenannte Spueneschen Tiermercher, déi et an der Stad Lëtzebuerg gouf, der just nach 9 bis haut existéieren, resp. nees opgebaut goufen?
... d'Ionesch Revolt 500/499 v. Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?
... Jéinesch (oder Lakerschmus), d'Sprooch vun de Jéinen, bis ufanks vum 20. Joerhonnert vu Weimeschkiercher Händlerfamille geschwat gouf?