Déi hellst Stäre bilden e markant Kräiz um Himmel. Doduerch gëtt dat Stärebild och heiansdo nërdlecht Kräiz, als Géigestéck zum Kräiz vum Süden genannt. D'Stärebild soll e Schwan, dee flitt, duerstellen. Den hellste Stär α Cygni (Deneb) soll de Schwanz symboliséieren, an d'Stäre η an β (Albireo) de laangen, am Fluch virgestreckten Hals. Am zentrale Stär γ Cygni setzen déi geschwonge Flilleken un.
Duerch d'Stärebild Cygni zitt sech dat hellt Band vun der Mëllechstrooss. Am Schwan ass och déi zweetstäerkst kosmesch Radioquell um Himmel. D'Radiosstralung geet vun enger aktiver Galaxis aus, déi den Numm Cygnus A huet.... > méi
... den Tevita Momoedonu aus Fidschi alt the Five Minute Prime Minister genannt gëtt, well en 2000 zweemol (wärend e puer Minutten) an 2001 (wärend zwéin Deeg) Premierminister war?