E kënnt a groussen Deeler vu Europa vir bis eriwwer an de Südweste vu Sibirien an den Nordweste vun der Mongolei, a lieft an oppenen an hallefoppenene Landschaften. An Europa sinn d'Huesen zanter den 1960er Joren, ë.a. wéinst ëmmer méi intensiver Landwirtschaft, seng Zuelen, deelweis staark, réckleefeg.
Europäesch Huese gi vu Kapp bis Hënner ronn 40 bis 60 cm laang, a bis zu 2,5–6,4 kg schwéier. De Pelz ass um Réck variabel gielzeg-gro, ockerbrong oder brongrout mat giele Schattéierungen an hei an do dënne schwaarze Putschen. Laanscht d'Säit ass en éischter raschtgiel oder roudelzeg brong. De Kapp, den Hals, d'Broscht an d'Bee sinn hellbrong, de Bauch ass crèmewäiss. D'Ouere si groelzeg an hunn op der Spëtzt e schwaarze Fleck.
Den Europäeschen Hues ass virun allem nuets an an der Schummerecht aktiv. Baussent der Verkoppelungszäit sinn d'Déieren Eenzelgänger a verbréngen den Dag geduckt an hirem Leeër, enger Kaul am Buedem, wou se net wibbelen a bei Gefor eréischt am leschte Moment fortlafen. Da kënne s'op enger kuerzer Distanz bis zu 70 km an der Stonn lafen a bis zu 2 m héich sprangen... > méi
... een am Spueneschen Duerf (Poble Espanyol) zu Barcelona, dat 1929 fir d'Weltausstellung um Montjuïc gebaut gouf, déi charakteristesch Bauforme vun deenen eenzele spuenesche Regiounen am Detail nogestallt fënnt?
... eng 100 Millioune Joer laang bal dat ganzt Festland vun der Äerd an enger eenzeger Landmass vereent war, déi Pangea genannt gëtt?
... Ausléiser vum Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912 d'Aféierung vun enger obligatorescher Kotisatioun an d'Renten- an Invalidekeess war, déi vum Loun ofgehale gouf?
... ee Paneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?