Gesondheetspolitik

Inhalt

Eng staark ëffentlech koordinéiert Offer

Lëtzebuerg ass e räicht Land an deementspriechend war och eise Gesondheetssystem iwwert laang Jore ganz gutt. Iwwert déi lescht Joren huet sech dat awer ëmmer méi geännert. Wärend an deene leschte Jore vun der Politik alles op de Wirtschafts- a Bevëlkerungswuesstem gesat gouf, ass de Gesondheetssecteur vergiess ginn. Duerno koum dunn nach d’Covid-Pandemie dobäi, déi de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an d’Gesondheetspersonal staark belaascht huet. Iwwert Jore sinn Zuele vun de Better erof gesat ginn, wat och der Tatsaach geschëlt war, dass ëmmer manner Personal do war, fir e gudde Service ze assuréieren.

Den Trend vum Erofsetze vu de Better muss ophalen.

Gläichzäiteg gëtt et grad bei verschidde Service eng ganz grouss Demande, zum Beispill bei den IRMen. Dëser ëmmer méi héijer Demande gouf iwwert Joren net Rechnung gedroen, mam Resultat, dass et aktuell ganz grouss Delaie bei de Waardezäite gëtt. Hei muss an Zukunft méi proaktiv geschafft ginn, fir dass dës Geräter a Servicer méi séier disponibel ginn, wann Demande klëmmt.
Grad iwwert eng limitéiert Liberaliséierung vum Gesondheetssecteur hätt een hei am Extrahospitalier fir déi néideg Offer kënne suergen, ouni d’Gesondheet vun de Patient:innen an d’Qualitéit vun de Servicer a Gefor ze riskéieren. Domat hätt dann och d’Zwouklassemedezin, déi scho laang eng Realitéit ass, ofgeschaaft kënne ginn.
Et dierf net sinn, dass hei zu Lëtzebuerg Leit mat engem méi héijen Akommes an d’Ausland ginn, fir e méi séieren Accès ze hunn, wärend Leit mat engem méi niddregen Akommes dacks méintelaang hei am Land musse waarden.

Dowéinst fuerdere mir:

  •  D’Zuel vun de Better relativ zur Populatioun muss erop goen an dierf net weider erof goen;
  •  Eng besser op d’Besoinen an d’Populatioun ugepassten Offer;
  •  Een Dosier de Soins Partagé (DSP) deen an der Realitéit wierklech funktionéiert an am Interêt vum Patient ass;
  •  Méi Servicer am Extrahospitalier, zum Beispill a private Cabineten, unzebidden;
  •  Méi Maisons médicalen iwwer Land mat méi laangen Ëffnungszäiten;
  •  Ärztehaiser an der direkter Géigend vu Spideeler ze bauen, fir dass méi Kapazitéiten an de Spideeler fräi ginn.

Gesondheetsberuffer méi attraktiv maachen

Haut feelt et um néidege Gesondheetspersonal. Dëst kann zwar zu engem ganz klengen Deel op d’Iwwerbelaaschtung wärend der Covid-Pandemie zréckgefouert ginn, et ginn awer nach eng Rei aner Grënn. Beim Rekrutéiere vun neiem Gesondheetspersonal gouf iwwert laang Zäit ze vill op d’Groussregioun gesat, déi mir antëscht awer och schonn ofgraast hunn.
Vill Studenten, déi am Ausland Medezin studéieren, komme wéinst den onattraktiven Aarbechtsbedingungen net méi zréck op Lëtzebuerg. Dobäi kënnt, dass an enger Rei Länner mëttlerweil Mesuren ergraff goufen, fir d’Gesondheetspersonal am Land ze halen. Hei brauch et séier e Paradigmewiessel fir dës Entwécklung ëmzedréien an nees méi Gesondheetspersonal op Lëtzebuerg ze kréie respektiv direkt hei auszebilden.

Mir Pirate fuerderen dofir eng Verbesserung vun den Aarbechtsbedingungen duerch:

  •  D’Erlabnis un d’Dokteren ginn, fir dass si sech als net kommerziell Societéiten zesummen ze doen dierfen. Op dës Aart a Weis kënnen sech d’Dokteren zum Beispill d’Käschte fir de Loyer, e Sekretariat, d’Ausstattung asw. deelen. Gläichzäiteg muss de gesetzleche Kader awer verhënneren, dass privat Investisseuren a Cabineten dierfen a kënnen investéieren. Och zu Lëtzebuerg ginn et wuel scho Fäll vu privaten Investisseuren a Cabineten, hei muss also séier gehandelt ginn;
  •  E lëtzebuergesche Referenzkader bei der Unerkennung vun de Grade vun Dokteren an den Diplomer fir aner Gesondheetsberuffer schafen, well et hei de Moment ganz grouss Ënnerscheeder an Inegalitéite ginn;
  •  D’Garden, d’Astreinten an d’Urgencen nei ze organiséieren a besser ze remuneréieren;
  •  D’Méiglechkeet op schouleschem Niveau ee Gesondheetsberuff kënnen ze erléieren, an dat vum niddregsten Niveau bis zum héchsten Niveau. Esou bidde mir méi Schüler:innen d’Méiglechkeet, an engem Gesondheetsberuff forméiert ze ginn. Well mir brauchen nieft den Dokteren an den Infirmier an Infirmièren och aner Gesondheetsberuffer, wéi zum Beispill d’Aide-soignante;
  •  ee Kollektivvertrag fir de ganze Fleegesecteur dee souwuel fir d‘Spideeler wéi och fir de private Secteur gëllt;
  •  Méi Studiegäng a Formatiounen am Beräich vun der Medezin an de Gesondheetsberuffer ugebuede ginn. Hei kann de Santésministère mat der Uni.lu an den Universitéitsklinicken aus der Groussregioun zesummeschaffen;
  •  Laangfristeg eng eegen Universitéitsklinik hei am Land, wou Studenten a Personal net nëmmen ausgebilt respektiv weidergebilt ginn, mee wou och d’Patient vun der besserer Offer an enger méi héijer Qualitéit vu verschiddene Servicer profitéieren.

Eng qualitativ héichwäerteg Offer fir jiddereen

D’Offer fir medezinesch Servicer an Traitementer soll net nëmme koordinéiert sinn, mee och qualitativ héichwäerteg a fir jiddereen accessibel. De Moment gëtt et de Projet vun der Couverture universelle de soins de santé (CUSS), ee Pilotprojet, deen et erméigleche soll, dass jiddereen Accès zu medezinesche Servicer an Traitement huet.
Leider funktionéiert de Projet um Terrain an der Realitéit quasi net, well et ze vill administrativ Hürde ginn. Dowéinst hunn bis elo och net ganz vill Leit vun dëse Projet konnte profitéieren. Grad d’Aarmut kann awer ganz séier krank maachen, sou dass de Risiko besteet, dass vill Leit opgrond vun hirer Aarmut och nach schwéier krank ginn, well se keng Moyenen hunn fir bei een Dokter ze goen. An engem räiche Land wéi Lëtzebuerg dierf esou eppes net virkommen.
Och wann den Tiers payant, dee scho viru laanger Zäit ugekënnegt awer nach ëmmer net ëmgesat gouf, iergendwann kënnt, wäert dës Problematik net automatesch verschwannen, mee et wäert ville Leit éischter méiglech ginn, fir bei den Dokter ze goen, well si just nach deen Deel, deen net rembourséiert gëtt, mussen iwwerhuelen. Deene Leit, déi awer guer keng Moyen hunn an dowéinst och net verséchert sinn, wäert domat awer net gehollef ginn. Déi finanziell Situatioun vun enger Persoun oder engem Menage dierf a kengem Fall dozou féieren, dass Persoune keen Accès op medezinesch Servicer oder Traitementer hunn oder just op Servicer an Traitementer, déi vun enger mannerwäerteger Qualitéit sinn.
Generell muss dann och méi een héije Stellewäert op d‘Präventivmedezin gesat ginn, well déi beschte Krankheet ass déi, déi guer net réischt opkënnt. Zu enger gudder Präventivmedezin gehéiere fir eis verschidde Voleten. Zum enge mussen d’Leit besser informéiert ginn iwwert verschidde Krankheeten, hir Ausléiser a wat se virbeugend dogéint kënne maachen.
Mir brauche méi Präventiounspläng, déi d’Leit hei am Land méi séier informéieren an och besser openeen ofgestëmmt sinn. Well verschidde Krankheeten hunn zum Deel déi selwecht Urspréng, wéi zum Beispill eng ongesond an ze zockerhalteg Ernierung.

Mir fuerderen dowéinst:

  •  Dass de Facteur vun der Zäit an der Nomenclature muss berécksiichtegt ginn fir dass sech een Dokter bei Bedarf méi Zäit ka fir e Patient huelen, ouni dësem direkt mussen ee groussen an deieren Examen ze verrechnen;
  •  De Projet vun der Couverture universelle des soins de santé gesetzlech ze verankeren an déi administrativ Hürden, déi de Projet aktuell scheitere loossen ofzebauen;
  •  Den Tiers payant endlech anzeféieren;
  •  Géint d’Zwouklassemedezin virzegoen duerch e bessere Gesondheetssystem fir jiddereen;
  •  Eng besser Präventivmedezin;
  •  Méi national a besser koordinéiert Präventiounspläng.

D’mental Gesondheet verbesseren

Laang Zäit gouf net genuch Wäert op déi mental Gesondheet geluecht a vill Leit hunn sech souguer geschummt, wann si vu mentale Problemer oder Krankheete betraff waren, aus Angscht, si géifen dowéinst ausgeschloss a stigmatiséiert ginn. Problemer mat der mentaler Gesondheet kënnen awer jiddereen treffen, egal ob aarm, räich, jonk, al oder wat fir e Geschlecht een huet. Et dierf keen Tabu méi sinn fir zouzeginn, dass ee krank ass.
D’Behandlungen an d’Präventioun vun mentale Gesondheetsproblemer mussen dowéinst fir jiddereen accessibel sinn an d’mental Gesondheet muss endlech dee Stellewäert an eiser Gesellschaft kréien, dee se verdéngt huet. Vu politescher Säit muss nach méi gemaach ginn, fir d’mental Gesondheet vun alle Bierger:innen hei am Land ze fërderen an eng héichwäerteg Offer iwwerall am Land ze assuréieren.
Leider ginn et och méi schwéier mental Krankheeten, déi méi Zäit a Ressourcen fir d’Behandlung brauchen. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg awer vill ze wéineg Plaze fir all dës Fäll opzehuelen, well déi néideg Strukturen a Personal an de psychiatreschen Ustalten feelen. A Fäll vun Urgencen (Stéchwuert Burn-out an Depressioun mat Suizidgefor) musse Leit a verschiddene Fäll nees Heem geschéckt ginn, obwuel si do net higehéieren an eigentlech am Spidol misste gehollef kréien.

An dësem Kontext fuerderen d’Piraten:

  •  Fir méi héich Investissementer an d’Präventioun vu mentale Krankheete maachen. Spezifesch Offeren mussen ausgebaut ginn, zum Beispill d’Logements encadrés an d’Logement thérapeutique, an nei Projete wéi Zentere fir mental Gesondheet opgebaut ginn;
  •  Dass d’Soins psychatriques musse fir jiddereen accessibel sinn andeems mir psychiatresch Urgencen ausbauen an nei organiséieren;
  •  Dass d’psychiatresch Ustalten méi vu bausse kënne kontrolléiert ginn an dass d’Politik sech dofir interesséiert, wéi een dës Plazen esou angenehm a mënschlech wéi méiglech fir d’Patient: innen an och fir d’medezinnescht Personal ka gestalten. De Schutz an d’Rechter vum Patient mussen heibäi ëmmer am Vierdergrond stoen;
  •  D’Schafung vu sougenannten Krisenunitéiten mat spezielle ausgebilte Leit, fir bei Urgencen, wou Leit sech d’Liewe wëllen huelen, séier kënnen agräifen an handele. Dës Krisenunitéiten sollen iwwert Telefon disponibel sinn an am Fall vun enger Urgence och eraus bei betraffe Persoun kënne goen, fir sech mat dëser zesummen ze setzen. Si kann dës Persoun evaluéieren an dorop baséierend déi néideg Demarchen an d’Weeër leeden, fir der betraffener Persounen déi néideg Hëllef zoukommen ze loossen;
  •  D’Promotioun, d’Wäertschätzung an d’Enttabuiséierung vun der Santé mentale an allen Populatiounsschichten. Der Präventioun vun der mentaler Gesondheet muss méi Wichtegkeet beigemooss ginn, duerch grouss ugeluechte Campagne, wou de Staat d’Leit dorobber opmierksam mécht, wéi wichteg zum Beispill eng gesond Ernierung, genuch Beweegung an eng gesond Work-Life-Balance fir déi mental Gesondheet vun engem Mënsch ass oder wou et drëm geet, fir de Leit iwwert d’Suchtpotenzial vu verschiddenen Aktivitéiten z’erklären;
  •  Dass méi Donnéeën zur Santé mentale erhuewe ginn;
  •  De Beruff vum Psycholog endlech ze reglementéieren, fir et onqualifizéierte Leit net méi ze erméiglechen, esou Servicer unzebidden.

E séieren Zougang zu Medikamenter assuréieren

Lëtzebuerg importéiert de gréissten Deel vu senge Medikamenter aus der Belsch, aner Länner maachen hei just e ganz klengen Undeel aus. Wann et dann zu engem Enkpass oder enger Rupture vum Stock kënnt, da sti vill Patiente virum Problem, dass si ob emol een anert Medikament sollen huelen, dat zwar änlech, awer net ëmmer komplett selwecht ass.
Hei muss Lëtzebuerg méi Viraussiicht beweisen an sou séier wéi méiglech, an net réischt fir fréistens 2030, een nationaalt Lager schafen, wou och ëmmer eng gewëss Quantitéit vun allen zu Lëtzebuerg disponibel Medikamenter ka stockéiert ginn. Vun dësem zentrale Lager ginn dann och d’Apdikten am ganze Land beliwwert, esou dass och keng Gefor besteet, dass hei Medikamenter ongenotzt am Lager leie bleiwen.

Mir setzen dowéinst dofir an:

  •  Dass e nationaalt Lager fir Medikamenter gebaut gutt, wou Stocke vun allen hei am Land disponibele Medikamenter ugeluecht a vu wou aus all d’Apdikten am Land beliwwert ginn;
  •  Fir nei Medikamenter méi séier disponibel ze maachen;
  •  Dass d’Beipackziedele vu Medikamenter iwwer e QR-Code digital verfügbar gemaach ginn, awer eng Obligatioun fir d’Apdikte bleift, och ëmmer eng Printversiounen do ze hunn, zum Beispill fir eeler Leit.

Rare a chronesch Krankheete besser encadréieren

Haut si vill Leit, déi vun enger rarer oder chronescher Krankheet betraff sinn, ze dacks op sech eleng gestallt. Si sinn dacks mat der Situatioun iwwerfuerdert, hunn zum Deel heefeg e jorelaange Leidenswee hannert sech, bis se endlech eng Diagnose kruten, a wëssen net, wou si déi Hëllef kréien, déi se bei hirem Krankheetsbild brauchen.
Grad bei rare Krankheete kann de Generalist oder d’Generalistin dës Orientatioun och net virhuelen, well dofir dacks dat spezifescht Fachwësse feelt, fir dem Patient hei eng gutt Berodung an Orientatioun zoukommen ze loossen. Dowéinst wenden sech vill Betraffener un Associatiounen, an der Hoffnung, do Hëllef ze fannen. Dëst ass natierlech net verwerflech, ass awer och net ideal, well dës um Niveau vun der Gesondheetskeess kee Pouvoir hunn. Betraffener mussen awer grad hei besser encadréiert ginn.
Dowéinst setze mir eis dofir a fir eng Cellule bei der Gesondheetskeess ze schafen, wou Leit schaffen, déi op chronesch a rare Krankheete spezialiséiert sinn. Dofir musse rare Krankheete méi séier vun der Gesondheetskeess unerkannt ginn. Fir ee méi séieren Diagnostik ze assuréiere muss awer och méi enk mam Ausland zesummegeschafft ginn, well mir net ëmmer all spezialiséierten Dokter hei zu Lëtzebuerg kënnen hunn.

Mir setzen eis dofir a fir:

  •  Eng Cellule bei der Gesondheetskeess ze schafe fir am Fall vu raren oder chronesche Krankheeten eng besser a méi einfach an onbürokratesch Prise en Charge ze garantéieren. Si soll Betraffener beroden an hinnen wichteg Informatiounen zoukommen loossen, fir dass d’Patient:innen onbürokratesch Hëllef bei der Prise en Charge vu Visitte bei Spezialist:innen, bei der Demande fir en Transfert an d’Ausland an beim direkten Iwwerhuele vun den domat verbonnene Käschte kréien;
  •  Eng méi grouss Unerkennung vun de rare Krankheeten.

Méi fir Kanner a Jugendlecher maachen

Och am Beräich vun de Kanner a Jugendlecher gëtt et de Moment verschidde Problemer, déi séier misste behuewe ginn. Dozou gehéieren den Depistage bei de Neigebuerenen. Hei gëtt zu Lëtzebuerg just op siwe Krankheete getest, obwuel et d’Méiglechkeete ginn, fir nach op méi Krankheeten ze testen. An villen anere Länner ginn elo scho bei esou Tester standardiséiert no méi wéi 20 verschiddene Krankheete gesicht. Mat engem méi groussen Depistage kéinte verschidde Krankheete vill méi séier erkannt ginn.
Dann gouf viru kuerzem an der Sëtzung zu enger Petitioun dorop opmierksam gemaach, dass mir am Beräich vun der Kanneronkologie vill Servicer an Traitementer hei am Land guer net ubidden, obwuel mir längst d’Zuelen erreecht hunn, déi eng richteg Kanneronkologie hei am Land géif justifiéieren. Dofir misst dann awer och nach en Drëtten, op Kanner spezialiséierte Kriibsdokter, agestallt ginn.
Et sinn nach ëmmer vill ze vill Jonker, déi scho frei mam Konsum vun Alkohol, Drogen an Zigaretten ufänken. Den Hannergrond ass dacks d’Bedürfnis, fir zu engem Grupp dozou ze gehéieren, oder d’Hoffnung privat Problemer domat ze léisen andeem si sech selwer betäuben. Hei muss méi an d’Präventioun investéiert ginn. Et muss sech d’Zil gesat ginn, fir dass kee Kand a kee Jugendleche mat dem Konsum vun dëse Produiten ufänkt, well déi aktuell Mesure ginn de Moment leider nach laang net duer.
Och am Beräich vun der Jugendpsychiatrie muss nach vill geschéien. Hei feelt et souwuel um néidege Personal wéi och un Offeren am Extrahospitalier. Fir dës Penurie beim Personal ze bekämpfe musse spezialiséiert Diplomer an Zesummenaarbecht mat der Uni.lu ugebuede ginn. Hei dierfe keng Ofstrécher bei der Ausbildung an der Formatioun vum Personal gemaach ginn, dowéinst muss eng entspriechend Offer och hei am Land ugebuede ginn.

Mir setzen eis an:

  •  Den Depistage bei Neigebuerenen auszewäiten, fir dass op méi wéi déi aktuell siwe Krankheete getest gëtt;
  •  Eng vollwäerteg Kriibsstatioun mat genuch Doktere fir Kanner a Jonker hei zu Lëtzebuerg ze creéieren;
  •  Méi an d‘Präventioun beim Alkohol, den Drogen an den Zigaretten ze investéieren, fir de Konsum bei de Jugendlechen sou wäit wéi méiglech komplett ze verhënneren;
  •  Zesumme mat der Uni.lu een Diplôme d’études spécialisées en psychiaterie infanto-juvénile an och aner Diplomer aus dëser Fachrichtunge mat Schwéierpunkt op Kanner a Jugendlecher unzebidden;
  •  Centres de l’enfance ze schafen, wou am Extrahospitalier verschidden Disziplinnen aus der Kanner- a Jugendpsychiatrie zesummekommen an och zesummegeschafft ka ginn am Interêt vum de jonke Patienten.

Sexuell Gesondheet a Schwangerschaft

Hei zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer ganz vill Fäll vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten. De Grond dofir ass eng net ausräichend Präventioun an Opklärung. Eng ongewollte Schwangerschaft ass fir déi betraffe Fraen eng ganz schwéier Situatioun. Si mussen eng wichteg Entscheedung treffen, déi wäitreechend Konsequenze fir hiert Liewen huet. Net ëmmer entscheet sech eng Fra dofir, d’Kand ze behalen a wëll dowéinst eng Ofdreiwung virhuele loossen. Grad méi jonk Fraen, déi zum Beispill nach an d’Schoul ginn oder studéieren an iwwert hier Eltere verséchert sinn, hunn awer Angscht, dass duerch eng Ofrechnung vun der Gesondheetskeess hir Entscheedung bekannt gëtt an si méiglech Konsequenze fäerte mussen.

Mir setzen eis dofir an:

  •  Méi an d‘Präventioun an an d‘Opklärung iwwert sexuell iwwerdrobare Krankheeten an iwwert Verhütung ze investéieren. Hei muss nach méi an de Schoulen ugesat ginn, fir déi Jonk méiglechst fréi op d’Geforen an déi méiglech Folge vun dëse Krankheeten opmierksam ze maachen;
  •  Dass eng Ofdreiwung zu 100 Prozent anonym a gratis ka virgeholl ginn, ouni dass et dovun Trace ginn;
  •  Just zu statisteschen Zwecker solle verschidden anonymiséiert Donnée gesammelt ginn, zum Beispill iwwert d’Unzuel vun de duerchgefouerten Ofdreiwunge pro Joer;
  •  Dass den obligatoreschen Delai vun dräi Deeg, fir iwwert eng eventuell Ofdreiwung nozedenken, ofgeschaaft gëtt.

E Gebuertshaus fir Lëtzebuerg

Vill Frae wëllen hiert Kand net an enger Maternité op d’Welt bréngen, well si sech do aus verschiddene Grënn net wuel fillen oder an der Vergaangenheet schlecht Erfarunge gemaach hunn. Dësen Eltere muss een et erméiglechen, fir d’Kand an engem Gebuertshaus op d’Welt ze bréngen, ouni dass dobäi onnéideg Risike fir Mamm a Kand a Kaf musse geholl ginn, och wann eng direkt medezinesch Betreiung do net esou méiglech ass wéi an enger Maternité. Dofir brauche mir e kloren Kader a Richtlinnen, fir eng méiglechst grouss Sécherheet ze assuréieren, an dës Gebuertshaiser misste geografesch an iwwert eng enk Zesummenaarbecht un eng Maternité ugebonne ginn, am Fall wou eppes bei der Gebuert sollt schif goen.

Opstocke vun den Aarbechtsdokteren

Haut ginn et vill ze laang Waardezäite bis ee ka bei een Aarbechtsdokter goen, oder een Aarbechtsdokter eng Kontroll ka maachen. Fir eis muss de System vun den Aarbechtsdokteren ëmorganiséiert ginn a méi regional funktionéieren. Dofir brauch et natierlech och méi Dokteren. Dës kënnen nëmmen duerch eng Revalorisatioun erëm an de Beruff kommen, fir esou de gudde Fonctionnement vun dem System ze sécheren. Och muss gekuckt ginn, wat fir Tâchen haut nach Sënn maachen, a wou kéint Zäit deblockéiert ginn, fir aner Aufgabe besser kënnen nozekommen. Am Géigenzuch ass et wichteg, dass Patienten an d’Dokteren Accès zu den Analyse vum Kontrolldokter kréien, fir esou sech kënnen ee méi komplett Bild ze maachen an ze decidéiere wat déi nächst Schrëtt sinn.

Dofir sti mir Pirate fir:

  •  Eng méi attraktiv Aarbecht als Aarbechtsdokter;
  •  Eng Entlaaschtung vum Service;
  •  Fir ee méi regionaalt Funktionéiere vum Service;
  •  Fir méi Transparenz an den Decisioune vun de Kontrolldokteren.

Patentrechter: Accès zu Vaccinen

D’Pandemie huet eis deelweis gewisen, dass mir an Europa duerchaus kënnen zesumme schaffen, wann mir da wëllen, eis anerersäits awer och gewisen huet, dass Solidaritéit awer leider net ëmmer eis gréisste Stäerkt ass.
Europa huet am Géigesaz zu Amerika oder England net den Export vu Covid-Vaccinen an aner Länner gestoppt. Mee de Covid-19 Vaccin ass net gläichméisseg op der Welt verdeelt ginn. Wärend aner Länner eréischt bei 2% geimpfte Bevëlkerung war, hu mir hei zu Lëtzebuerg scho misste Vaccin ewech geheien.
Generell stellen d’Piraten sech dem aktuelle Fonctionnement vum Patentrecht entgéint. D’Patentéiere vun Trivialitéiten oder souguer Blockade vum Fortschrëtt duerch Patenter soll ënner allen Ëmstänn verhënnert ginn. Aus dëse Grënn schwätzen sech d’Pirate géint Als Ersatz fuerdere mer den Opbau vun alternative Methode mam Zil Innovatioun ze fërderen andeems Ureizer geschafe ginn.
Mir gesinn d’Patenter oft als Brems vum Fortschrëtt an der Produktivitéit. D’Covid Kris huet kloer gewisen, dass d’Patenter kënne Liewe kaschten. D’Patent dierf net de Business sinn.

Dofir fuerdere mir Piraten:

  •  Dass een internationalen Accord fonnt gëtt, deen dofir suerge soll, dass bei der nächster weltwäiter Pandemie, den entspriechende Vaccin direkt Patentfräi fir all Staaten op der Welt zougänglech gemaach gëtt;
  •  Den Ofbau vu Monopoler an eng Ëffnung vun de Marchéen;
  • Een Enn vu Patenter op Liewenszäit aus an och op souer, déi sech op Liewewiesen, Genen, Geschäftsiddien, Medikamenter an och op Software bezéien.