Payement immédiat direct bei der CNS

Am September huet de Minister ugekënnegt, dass d’Software fir de PID, de Payement immédiat direct, mat deem d’Patient:innen hei am Land just nach hiren Deel vun der Rechnung iwwerhuele mussen, prett fir d’Installatioun wier. An enger éischter Linn soll de Programm bei de Generalisten installéiert ginn, äert duerno Zänndokteren an Spezialisten un d’Rei kommen. Gläichzäiteg goufen 625€ pro Installatioun an Aussiicht gestallt, fir den Dokteren een finanziellen IncentiveU reiz unzebidden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bei wéi villen Generalisten ass de Programm fir de Payement immédiat direct bis elo installéiert ginn?

  2. Wéi vill Prozent vun alle Generalisten hei am Land sinn antëscht mat dem Programm ekipéiert ginn?

  3. Wéini ka mat enger Installatioun bei den Zänndokteren an anere Spezialisten ugefaange ginn?

  4. Fir wéi ee Montant goufe bis elo déi fir d’Installatioun proposéierte finanziell Ureizer un Dokteren ausbezuelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 10

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a