Fir eng gerecht Steierreform

D’Piraten fuerderen en Ofschafe vun de Steierklassen an domat eng Besteierung, bei där all Persoun gläich behandelt gëtt, onofhängeg vum Bezéiungsstatus.

Kannerbetreiung

D’Piraten fuerderen d’Ausbezuele vun engem bore Chèque-Service d’Accueil, esou dass jidderee fräi entscheede kann, ob en seng Kanner an eng Struktur wëll ginn oder léiwer selwer bei senge Kanner doheem bleiwe wëll.

Sécherheet

D’Piraten fuerderen eng méi staark physesch Policepresenz op eise Stroossen an ëffentleche Plazen zesumme mat Street Workeren a sozialen Déngschter. Dat ass déi beschte Léisung, fir d’Sécherheetsgefill hei am Land z’erhéijen.

Oppen & digital Wirtschaft

D’Pirate fuerderen eng Vereinfachung vu Firmegrënnungen an en nohaltege Wirtschaftswuesstem, dee vun Recherche, Innovatioun an Digitalisatioun gedriwwe gëtt.

Séieren Accès am Gesondheetsberäich fir jidderen

D’Piraten fuerderen eng méi grouss Offer u Maisons médicalen, méi Informatioun zu deem wat ugebuede gëtt a méi laang Ëffnungszäiten, fir och wierklech d’Urgencen an de Spideeler kënnen z’entlaaschten.

Ëmweltfrëndlecht Verhale belounen

D’Piraten fuerderen dat all Persoun all Mount eng Direkthëllef (Klimabonus) ausbezuelt kritt an als Ausgläich d’CO2-Steier op verschiddene ëmweltschiedlechen Produkter ugepasst gëtt.

Fir jiddereen en Daach iwwert dem Kapp

D’Piraten fuerderen dat ëffentlech Wunnenge fir 10€ de Quadratmeter pro Mount sollen verlount ginn an iwwert d’Formel vum Mietkauf och e méiglechen Accès zur Proprietéit gebuede gëtt.

Dir sollt dierfe matschwätzen

D’Piraten fuerderen eng reell Biergerbedeelegung, wou mir ëffentleche Petitioune méi Gewiicht ginn, en participative Budget an en nationalen Biergerrot aféieren.

Dignitéit am 3ten Alter

D’Piraten fuerdere en universellen Zougang zu Zëmmeren an Alters- a Fleegeheemer, onofhängeg vun der finanzieller Situatioun vun de betraffene Leit.