Wéi 1873 d'Sauerstreck Dikrech-Iechternach opgaange war, koum d'Iddi eng éischt Kéier op, eng Ofzweigung op Beefort ze maachen, fir de Männer vun do, vun deenen der eng ettlech an de Minièren am Süde geschafft hunn, et méi liicht ze maachen dohin ze kommen.
Et sollt awer bis 1902 daueren, ier d'Aarbechte fir de Bau vun der Schmuelspuerbunn als utilité publique deklaréiert goufen a finanzéiert konnte ginn.
Den éischten Deel vun der Streck - tëscht dem Grondhaff an der Carrière vun Déiljen - ass de 4. November 1904 op enger Längt vu 6 km opgaangen. D'Verlängerung vun der Streck fir de Persouneverkéier bis op Beefort ass eréischt 1911 a Betrib geholl ginn... > méi
... bei den Nanduen ee Männchen d'Eeër vu bis zu 12 Weibercher mateneen ausbréit an sech dann ëm d'Opzuucht vun deene Jonke këmmert?
... d'Verkéiersluuchte fir de Stater Tram déi selwecht sinn, wéi déi fir d'Busser, mat zousätzleche Signaler, déi fir däitsch Trammen entwéckelt goufen?
... den Dettifoss am Norde vun Island, der Waasserquantitéit no, dee gréisste Waasserfall an Europa ass?
... de Guggenheim-Effekt nom Guggenheim-Musée vu Bilbao genannt ass, an ausdréckt, wéi en ikonescht Gebai d'Zuel vu Visiteuren an enger Stad signifikant vergréissert?