Haaptsäit

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Zeitungen an Zäitschrëften. (Deen iwwer d' Nei Schreifweis 2019 leeft nach virun.)

Artikel vun der Woch

Logo Afrikanische Entwicklungsbank.svg

D'Afrikanesch Entwécklungsbank (op Franséisch: Banque africaine de développement; BAD; op Englesch: African Development Bank; AfDB) ass eng regional, multilateral Entwécklungsbank fir den afrikanesche Kontinent mat Sëtz zu Abidjan an der Côte d'Ivoire. Hiert Zil ass d'wirtschaftlech an d'sozialpolitesch Entwécklung am afrikanesche Raum duerch d'Finanzéierung vu bestëmmte Projete virunzedreiwen. Dobäi ginn d'Prioritéiten op déi méi aarm Länner a spezifesch Secteure gesat, wéi zum Beispill Infrastruktur, Landwirtschaft oder de private Secteur.

1963 gouf zu Khartum am Sudan d'Ofkommes fir d'Bank ze grënnen adoptéiert an den 1. Juli 1966 huet se ugefaange mat schaffen. Obwuel d'AfDB ufanks als pur afrikanesch Institutioun gegrënnt gouf, kënnen zanter 1982 och net-afrikanesch Länner zouzeloosse fir sou Zougank zu weidere Kapitalquellen ze hunn. 78 Länner si Member vun der Bank, dorënner alleguer d'afrikanesch a 24 net-afrikanesch Länner. Enn 2010 huet d'AfDB Suen am Wäert vu ronn 12 Milliarden US-Dollar geréiert, dovun ëm déi 7 Milliarden USD an de verschiddene Portefeuilleë vun der AfDB selwer an 4,94 Milliarden USD am Afrikaneschen Entwécklungsfong.

2014 hunn de lëtzebuergesche Finanzminister Pierre Gramegna an de Bankpresident Donald Kaberuka en Accord iwwer d'Memberschaft vu Lëtzebuerg ënnerschriwwen, an deem festgehale gouf datt d'Land iwwer déi nächst 8 Joer 25 Milliounen Euro wäert investéieren... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • ... et souwuel 1956 wéi 1973 de 25. November zu Lëtzebuerg verbuede war, mam Auto ze fueren?
  • ... am Club des Cent Cols netprofessionell Vëlossportler opgeholl ginn, déi op d'mannst honnert Colle gefuer sinn?
  • ... de Battistero lateranense zu Roum de Modell vu bal allen Dafkierche vum Chrëschtentum am héije Mëttelalter war?
  • ... déi 1949 gegrënnte Goodyear S.A. zu Colmer-Bierg dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa war an 1951 mat 300 Mataarbechter ugefaangen huet?
Archiv

Op engem 4. Juni

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Angelina Jolie
Méi iwwer: ... de 4. Juni...soss en Dag2023
Archiv

Kierzlech verstuerwen

Tina Turner
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

National Bank Luxembourg 1873.jpg
… eng Grënnungs-Aktie vun der Banque nationale du Grand-Duché de Luxembourg, erausgi virun 150 Joer, den 1. Juni 1873.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen