Haaptsäit

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Zeitungen an Zäitschrëften. (Deen iwwer d' Nei Schreifweis 2019 leeft nach virun.)

Artikel vun der Woch

Marienthal Luxembourg 01.jpg

D'Klouschter Märjendall läit an der Uertschaft Mariendall, am Äischdall. Et gouf 1232 vum Theodoric, Här vu Miersch an Truchsess vun der Ermesinde, fir adleg Joffere gegrënnt.

D'Klouschter, dat am Ufank nach ganz aarm war, huet sech séier ermaach wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 déi zweet Priorin gouf. Duerch en ettlech Schenkungen vun de -Grofe vu Veianen, vu wou d'Yolanda hierkoum, a vu Lëtzebuerg, an deenen hierer Grofschaft d'Klouschter louch, huet de Mariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet eng Bibliothéik ariichte gelooss a sou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënner hirer Leedung gouf och déi gotesch Klouschterkierch gebaut, vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Si gouf 1296 geweit. Ënner dem Altor vun dëser Kierch war och der Yolanda hiert Graf.

1314 huet déi nei Priorin Margréit vu Lëtzebuerg, Schwëster vum Lëtzebuerger Grof a Keeser Heinrich VII., d'Augustinerreegel opginn (déi zesoen d'Basis vun der Dominikanerreegel ass) an d'Klouschter huet sech du just nach exklusiv a streng un d'Dominikanerreegel gehalen...

> méi

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • ... de Schetzel e Klausener war, deen am 12. Joerhonnert bis zu sengem Doud 14 Joer laang an enger Klaus am Gréngewald bei der Stad Lëtzebuerg gelieft huet?
  • ... de Sënn an Zweck vun de Raschpëtzer am Gréngewald eréischt an de leschte Jorzéngte vum 20. Joerhonnert erausfonnt gouf?
  • ... de Lieu-dit Geeschterhaischen am Gréngewald op e Juegdhaus zréckgeet, dat fréier op där Plaz stoung?
Archiv

Op engem 28. Mäerz

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... den 28. Mäerz...soss en Dag2023
Archiv

Kierzlech verstuerwen

Pedro Solbes
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

Hallerbos20070421.jpg
Bësch-Hyazinthen (Hyacinthoides non-scripta) am Hallerbos.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen