Haaptsäit

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Zeitungen an Zäitschrëften. (Deen iwwer d' Nei Schreifweis 2019 leeft nach virun.)

Artikel vun der Woch

Echternach place du Marché vers abbaye.jpg

Iechternach (lokal: Eechternoach) ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen; eng vun den 12 Stied am Land a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm.

Schonn am 1. Joerhonnert no Christus hu Réimer an der Géigend gewunnt, wéi d'Reschter vun enger Réimervilla beim haitegen Iechternacher Séi haut nach weisen. D'Grënnung vun der Stad Iechternach geet op d'Joer 698 no Christus zréck. Den englesche Missionnaire Willibrord krut vun der Irmina vun Oeren (bei Tréier) e Stéck Supp geschenkt, wou hie säi Klouschter kéint opriichten. D'Abtei Iechternach war bekannt fir hire Scriptorium, an deem ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, an de Codex Aureus Escorialensis, zwou gëlle Bibelen (Evangeliaren), ëm d'Mëtt vum 11. Joerhonnert geschriwwen a gemoolt gi sinn.

Duerch dat Klouschter gouf Iechternach séier zu enger wichteger Handels- an Handwierkergemeng, déi 1236 vun der Ermesinde d'Stadrecht krut. An der Besatzungszäit duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ass d'Abtei verkaaft ginn. Si gouf zu enger Parzeläinsbrennerei ëmfunktionéiert an d'Tierm vun der Basilika hunn als Schaarschtecher gedéngt. Spéider war s'eng Kasär, duerno nëmmen nach eng Ruin. Mat Hëllef vum Willibrordus-Bauveräin gouf d'Basilika erëm opgebaut... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • ... bei der Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, de 26. Juni 1807, 32 Persoune ëm d'Liewen koumen an der 120 schwéier blesséiert goufen, dorënner vill Kanner?
  • ... Cassini-Huygens, eng Weltraummissioun mat zwou Raumsonde fir de Planéit Saturn a seng Mounden z'erfuerschen, bannent knapps 20 Joer spektakulär nei Erkenntnesser bruecht huet?
  • ... bei der Cholera-Epidemie zu Lëtzebuerg, 1865-1866, tëscht 8.000 bis 10.000 Leit dorun erkrankt, a ronn 3.500 gestuerwe sinn, 1,83 % vun der Gesamtpopulatioun?
  • ... dem Theodor Kaiser säi Méckefänkert nach haut milliounefach zum Asaz kënnt?
  • ... den Huelen Zant um Bockfiels net e Rescht vum Siegfried senger Buerg ass, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der Festung, deen 1874, wéi d'Festung geschleeft gouf, an eng 'Pseudo-Ruin' ëmgebaut gouf?
Archiv

Op engem 14. Mäerz

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Albert Einstein Head.jpg
Méi iwwer: ... de 14. Mäerz...soss en Dag2023
Archiv

Kierzlech verstuerwen

Kenzaburō Ōe
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

Sdk intro.gif
… e Sudoku.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen