Artikel vun der Woch
|
De Stephansdoum zu Wien ass zanter 1365 Doumkierch (Sëtz vun engem Doumkapitel), zanter 1469/1479 Kathedral (Bëschofssëtz) an zanter 1723 Metropolitankierch vum Äerzbëschof vu Wien.
D'Gebai ass 107 m laang a 34 m breet. Den Doum ass eent vun de wichtegste gotesche Gebaier an Éisträich; Deeler vum spéitromanesche Bau vun 1230/40-1263 sinn och haut nach erhalen. Den Doum huet véier Tierm: den héchsten dovun ass de Südtuerm mat 136,4 m. En ass en architektonescht Meeschterwierk vun der deemoleger Zäit - trotz senger impressionnanter Héicht ass d'Fëllement nëmmen 1,5 m déif. Ausserdeem steet den Tuerm komplett fräi.
Den Ufank vum Doum geet op d'Joer 1137 zréck, aus deem den Tauschvertrag von Mautern tëscht dem Maarkgrof Leopold IV. an dem Bëschof vu Passau iwwerliwwert ass. Dobäi goufe Lännereien ausgetosch, fir et dem Bëschof z'erméiglechen, baussent der deemoleger Stad eng Kierch ze bauen, déi dem hellege Stephan geweit si sollt - dem Patréiner vun der Bëschofskierch vu Passau.
Déi éischt Kierch gouf am Joer 1147 fäerdeg a war fir déi deemoleg Stad vëlleg iwwerdimensionéiert. Tëscht 1230-1245 ass e weidere spéitromanesche Bau entstanen, vun deem d'Westwierk erhalen ass. Dat besteet aus den zwéin Heedentierm an dertëscht der Risepaart. Tëscht 1304 an 1340 gouf e vergréisserte Chouer gebaut, elo schonn am gotesche Stil... > méi
Archiv
|
Wousst Dir schonn datt...
|
|
|
|
|