D'Donau ass, mat ongeféier 2857 km, no der Wolga den zweetlängste Stroum an Europa. No Däitschland an Éisträich fléisst si nach duerch aacht weider europäesch Staaten a leeft am Donaudelta an d'Schwaarzt Mier.
D'Donau ass deen eenzege groussen europäesche Floss, dee vu Westen no Oste fléisst. Se huet en Anzuchsberäich vun ongeféier 817.000 km². Och wann den ieweschte Laf vun der Donau haut verhältnesméisseg méi kleng ass, ass d'Donau geologesch méi al wéi de Rhäin, mat deem hiert Anzuchsgebitt am haitege Süddäitschland konkurréiert. Bei Immendingen kënnt et am ieweschte Flosslaf zu der Donauversickerung. Do versickert e groussen Deel vum Donauwaasser am Buedem a kënnt iwwer Hielen am Karststeen an den Aachtopf, dee méi déif läit, an deen dann an de Rhäin leeft. Well dëse grousse Montant un ënnerierdeschem Waasser sech zugläich méi a méi an de Kallekstee frësst, gëtt ugeholl, datt d'iewescht Donau enges Daags komplett zugonschte vum Rhäin verschwanne wäert.
Bis kuerz hanner Wien huet de Stroum éischter de Charakter vun engem Biergfloss, eréischt duerno wandelt e sech lues a lues zu engem Déiflandfloss... > méi
Aner Artikele vun der Woch