2022

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

| 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert    
◄◄ | | 2018 | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 | 2023 | 2024 | 2025 | 2026    

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2022.

D'Joer 2022 fänkt op engem Samschdeg un. Et ass kee Schaltjoer.

Manifestatioun géint de Krich an der Ukrain, 5. Mäerz

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Europa[änneren | Quelltext änneren]

  • 30. Januar: Bei virgezunnene Parlamentswalen a Portugal gewënnt dem Premierminister António Costa seng Sozialistesch Partei mat 117 vun 230 Sëtz d'absolutt Majoritéit.
  • 13. Februar: De Frank-Walter Steinmeier gëtt zum däitsche Bundespresident erëmgewielt.
  • 24. Februar: Russland fänkt mat engem Ugrëffskrich op d'Ukrain un, nodeems et 2 Deeg virdrun d'Onofhängegkeet vun de vu russesche Rebelle kontrolléierte sougenannte "Volleksrepublicken" Luhansk an Donetsk eesäiteg unerkannt huet. Iwwer 4 Milliounen Ukrainer sinn an d'westlech Nopeschlänner an aner EU Staate geflücht; weltwäit kënnt et zu Protester, a vu Säite vu ville Länner zu Wirtschaftssanktioune géint Russland. No zwéi Méint Kämpf gëtt et Zéngdausende vun Doudegen op béide Säiten, dorënner vill ukrainesch zivil Affer.
  • 03. Abrëll: Dem aktuelle Premierminister Viktor Orbán seng FIDESZ-Partei gewënnt bei de Parlamentswalen an Ungarn, mat 135 vun den 199 Sëtzer, déi absolut Majoritéit.
  • 03. Abrëll: Den Aleksandar Vučić gëtt a Serbien bei de Presidentschaftswalen erëmgewielt. Bei de Parlamentswalen dee selwechten Dag bleift seng Walallianz stäerkst Partei, verléiert awer hir absolut Majoritéit.
  • 24. Abrëll: Beim zweeten Tour vun de Presidentewalen am Frankräich gewënnt den amtéierende President Emmanuel Macron géint d'Marine Le Pen.
  • 24. Abrëll: Bei de Parlamentswalen a Slowenien gewënnt déi oppositionel Fräiheetsbeweegung (GS) vum Robert Golob.
  • 16. Mee: D'Elisabeth Borne gëtt zu der neier Premierministesch a Frankräich ernannt.
  • 19. Juni: Beim 2. Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich verléiert Ensemble pour la majorité présidentielle déi absolut Majoritéit a kënnt op 245 vu 577 Sëtzer, d' Nouvelle Union Populaire écologique et sociale kritt der 131, de Rassemblement National der 89 an d' Union de Droite et du Centre der 64.
  • 23. Juni: Um Europäesche Conseil zu Bréissel kréien d'Ukrain a Moldawien de Status vun engem Kandidat fir der EU bäizetrieden.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Afrika[änneren | Quelltext änneren]

Amerika[änneren | Quelltext änneren]

Nordamerika[änneren | Quelltext änneren]

Südamerika[änneren | Quelltext änneren]

Asien[änneren | Quelltext änneren]

Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]

Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]

Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Logo Esch 2022

Molerei[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Musek[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Gebuer[änneren | Quelltext änneren]

Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 2022 – Biller, Videoen oder Audiodateien