Orientéierungskommissiounen

Published by Sven Clement on

All Joer schreiwen d’Primärschoulschüler um Enn vum Cycle 4.2 d’Epreuvë vum PFS (Passage de l’enseignement fondamental à l’enseignement secondaire). D’Resultater vun dësen Epreuvë fléisse mat an d’Entscheedung an, a wéi een Enseignement Secondaire e Kand vum Léierpersonal an den Elteren orientéiert soll ginn. Wann d’Elteren an d’Léierpersonal sech net eens gi bei dëser Entscheedung, kann eng Orientéierungskommissioun aberuff ginn, déi dann eng Entscheedung trefft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei oft ass an de leschte 5 Joer esou eng Kommissioun aberuff gi pro Schouljoer?

  2. Wei oft pro Joer gouf an de leschte 5 Joer vun der Orientéierungskommissioun eng Entscheedung getraff, déi der Meenung vum Léierpersonal entsprach huet a wéi oft där vun den Elteren?

  3. Gëtt no de Sëtzunge vun der Orientéierungskommissioun e Suivi gemaach, fir ze kucken, op déi concernéiert Kanner no der Orientéierung an de Lycée d’Filière nach wiesselen, well se entweder besonnesch gutt Notten oder awer Schwieregkeeten hunn? Falls jo: Wéi vill Kanner fir déi eng Orientéierungskommissioun aberuff gi war, hunn an de leschte 5 Joer pro Joer hier Filière am Lycée nach gewiesselt (z.B. vum Enseignement secondaire général op den Enseignement secondaire Classique oder ëmgedréint)?  Falls nee: Gedenkt de Minister an Zukunft dëse Suivi ze maachen, fir den Outil vun der Orientéierungskommissioun besser evaluéieren ze kënnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6365


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.