Iwwerstonne vu Police Beamten wéinst Manifestatiounen

Published by Marc Goergen on

Am Joer 2021 grad ewéi an deenen éischte Méint vun dësem Joer hunn zu Lëtzebuerg reegelméisseg Manifestatioune stattfonnt. Dës Manifestatiounen sinn ëmmer vun der Police ofgeséchert ginn, fir d’Manifestanten an och d’Matbierger ronderëm d’Manifestatioun ze schützen an och Materialschied ze vermeiden. An deem Kader si mengen Informatiounen no eng considerabel Zuel un Iwwerstonne vu verschiddene Beamten a Beamtinne geleescht ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Iwwerstonnen hu BeamtInne vun der Police, déi fir d’Manifestatiounen zoustänneg waren, ugesammelt?

  2. Wéi vill vun dësen Iwwerstonne goufen era geholl?

  3. Wéi vill vun dësen Iwwerstonne goufen ausbezuelt?

  4. Wéi vill vun dësen Iwwerstonne sinn nach net ausbezuelt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6391


Marc Goergen

Koordinator Piratepartei

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.