Iwwert d’Piraten

D’Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter, ee verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen an.

Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen.

Grondleeënde Prinzipp ass d’Basisdemokratie, déi all Member et erlaabt aktiv d’Zukunft vun der Partei an der Politik mat ze bestëmmen.

Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d’Piraten och fir d’Recht op sozial Participatioun, fir d’Chancegläichheet vun alle Mënschen a fir eng Neutralitéit vum Staat géigeniwwer de Glawengemeinschaften an.

Zënter Joren setzen sech d’Piraten och fir ee besseren Déiereschutz an, deen der Wierd vun all Liewewiesen gerecht gëtt. Den Erhalt vun enger gesonder Natur a Liewenswelt geet fir eis Hand an Hand mat engem progressiven Déiereschutz, an deem de Mënsch an Harmonie zesumme mat senger Ëmwelt lieft.

Als Member vun enger internationaler an europäescher Beweegung hëllt d’Piratepartei Lëtzebuerg aktiv un internationale Konferenzen an Aktiounen deel.

Déi vun eis onofhängeg Jugendorganisatioun sinn d’Jonk Piraten: Jopis.