Communiqué: Weltwäit gratis Online-Offer fir Lëtzebuergesch

Published by Piraten on

De 16ten Dezember haten d’Piraten hir éischt Gesetzespropos an d’Plénière vun der Chamber bruecht. Et goung hei drëms, d’Recouvrementsprozdur fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit réckwierkend op 2018 kréien ze kënnen, bis 2028 ze verlängeren. Donieft gouf och eng Motioun deposéiert, déi gefuerdert huet, dass deene Persounen, déi d’Recouvrementsprozedur erfollegräich ofgeschloss hunn, eng gratis Offer fir online Sproochen- a Civiquescourse gemaach gëtt. Wärend d’Justizministesch an der Chamber sot, dass een esou eppes net bräicht, schéngt den Educatiounsminister dat anescht ze gesinn – wat d’Pirate begréissen.

 

D’Gesetzespropos vun de Piraten iwwert d’Recouvrementsprozdur, déi de 16ten Dezember 2021 an der Chamber zum Vott stoung, gouf deemols, grad ewéi 2 Motiounen, déi mat deposéiert goufen, vun der Majoritéit oofgeleent. An enger vun dëse Motiounen haten d’Pirate gefuerdert:

dass de Persounen déi d’Recouvrementsprozedur erfollegräich ofgeschloss hunn, eng gratis Offer fir online Sproochen- a Civiquescourse gemaach gëtt.”

De Charles Marque vun déi Gréng hat an der Plenière ee Schrëtt op d’Piraten duer gemaach, an ugebueden, dës Motioun an der Kommissioun ze behandelen, wéi d’Justizministesch hien ënnerbrach huet a sot:

“Ech menge wierklech net, dass mir dat mussen diskutéieren an der Kommissioun, well d’Positioun vun der Regierung ass op alle Fall kloer, dass mir dat doten net brauchen.”

Gëschter huet den Educatiounsministère elo awer annoncéiert, dass an Zesummenaarbecht mam Institut national des Langues (INL) ee Projet ausgeschafft gouf, fir weltwäit eng gratis Online-Offer fir Lëtzebuergeschcoursen unzebidden. Am September 2022 soll et mat der online Léierplattform “Lëtzebuergesch léieren online” lass goen.
Mir Pirate freeën eis, dass d’Regierung schlussendlech awer fënnt, dass ee gratis online Lëtzebuergeschcourse brauch, déi an all Land accessibel sinn. Mir ënnerstëtzen dëse Projet voll a ganz. Mir hätten eis awer gewënscht, dass mir net hätte missten duerch d’Medien erausfannen, dass eis Iddi, déi an der Chamber mat de Stëmme vun CSV, DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent gouf, dann elo awer ëmgesat gëtt. Fir eis war vun Ufank un kloer, dass mir als Land esou Coursë brauchen.

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.