9. September
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
<< | September | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | 30 | ||
2022 |
Den 9. September ass den 252. Dag vum Joer (253. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
- 1642: D'Fransouse besetzen de Roussillon.
- 1792: Frankräich: Massaker zu Versailles vun de Prisonéier vun Orléans.
- 1867: D'preisesch Truppe verloossen d'Festung Lëtzebuerg.
- 1850: Kalifornien gëtt 31. US-Bundesstaat.
- 1943: Déi 8. englesch Arméi lant am italieenesche Kalabrien. Domat fänkt d'Invasioun vun den Alliéierten um europäesche Festland un.
- 1944: Amerikanesch Truppen kommen zu Péiteng iwwer d'Grenz a befreie bannent e puer Deeg Lëtzebuerg vun den däitschen Okkupanten.
- 1948: D'Koreanesch Demokratesch Volleksrepublik (Nordkorea) gëtt ausgeruff.
- 1991: Tadschikistan gëtt onofhängeg.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 1987: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Dublin, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 1:2 géint Irland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Armin Krings geschoss.[1]
- 1992: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1994 0:3 géint Ungarn.[2]
- 2009: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Ramat Gan, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:7 géint Israel.[3]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 214: Lucius Domitius Aurelian, réimesche Keeser.
- 384: Flavius Augustus Honorius, éischte westréimesche Keeser.
- 1349: Albrecht III., Herzog vun Éisträich.
- 1585: Armand Jean du Plessis de Richelieu, franséische Kardinol a Staatsmann.
- 1778: Clemens Brentano, däitsche Schrëftsteller.
- 1789: William Cranch Bond, US-amerikaneschen Astronom.
- 1823: Joseph Leidy, US-amerikaneschen Dokter (Medezin), Zoolog a Paleontolog.
- 1828: Leo Tolstoi, russesche Schrëftsteller.
- 1841: Paul Eyschen, lëtzebuergesche Politiker.
- 1842: Gustave de Marie, lëtzebuergesche Politiker.
- 1848: Elia Millosevich, italieeneschen Astronom.
- 1849: Pierre-Éloi Schoué, lëtzebuergesche Politiker, Botaniker an Apdikter.
- 1853: Jean-Pierre Nau, lëtzebuergeschen Industriellen, Geschäftsmann, Gemengepolitiker an Deputéierten.
- 1867: Georges Faber, lëtzebuergesche Riichter, Procureur a Member vum Staatsrot.
- 1872: Léon Blum, franséische Politiker.
- 1899: Brassaï (Gyula Halasz), ungaresche Fotograf.
- 1906: Pietro Francisci, italieenesche Filmregisseur.
- 1908: Robert Matagne, lëtzebuergeschen Auteur an Heraldiker.
- 1913: Oscar Stamet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1918: Oscar Luigi Scalfaro, italieenesche Politiker.
- 1924: Rik van Steenbergen, belsche Vëlossportler.
- 1924: Jane Greer. US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 1929: Claude Nougaro, franséischen Jazz-Sänger, Dichter, Moler an Zeechner.
- 1930: Jean Spautz, lëtzebuergesche Politiker.
- 1941: Otis Redding, US-amerikanesche Museker.
- 1942: Ted Herold, däitsche Sänger a Schauspiller.
- 1961: Josée Lorsché, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1966: Sarah Bray, lëtzebuergesch Sängerin.
- 1966: Adam Sandler, US-amerikanesche Schauspiller, Produzent, Komponist.
- 1971: Patrick Posing, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1975: Michael Bublé, kanadesche Sänger.
- 1978: Alvin Jones, lëtzebuergesch-amerikanesche Basketballspiller.
- 1986: Tessy Hetting, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1987: Andrea Petkovic, däitsch Tennisspillerin.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 1087: William I., den Eruewerer, Kinnek vun England an Herzog vun der Normandie.
- 1810: Dominique Pescatore, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Jurist.
- 1844: François Scheffer, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 1865: William Henry Smyth, engleschen Admirol vun der Navy an Astronom.
- 1891: Jules Grévy, President vun der franséischer Republik.
- 1893: Théophile Schroell, lëtzebuergesche Journalist an Editeur.
- 1898: Stéphane Mallarmé, franséische Schrëftsteller.
- 1901: Henri de Toulouse-Lautrec, franséische Moler.
- 1936: Jean Jacoby, lëtzebuergesche Moler.
- 1943: Michel Haagen, lëtzebuergesche Sculpteur, Konschtschmadd a Moler.
- 1944: Hyman Josefson, US-amerikaneschen Zaldot.
- 1966: Léon de Smet, belsche Moler
- 1970: Ferdinand Gremling, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1976: Mao Zedong, chineesesche Politiker.
- 1982: Adolf Patek, éisträicheschen Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.
- 1990: Samuel Doe, liberianesche Politiker.
- 1999: Marie-Paule Molitor-Peffer, lëtzebuergesch Fraendoktesch.
- 1999: Ruth Roman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2005: André Pousse, franséische Schauspiller a Vëlossportler.
- 2013: Alberto Bevilacqua, italieeneschen Auteur, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Journalist.
- 2019: René Hemmer, lëtzebuergesche Komponist a Museker.
- 2020: Shere Hite, US-amerikanesch-däitsch Sexualwëssenschaftlerin.
Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]
- Nationalfeierdag a Bulgarien, Nordkorea an Tadschikistan.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 9. September – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Irland-Lëtzebuerg den 9. September 1987 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ungarn den 9. September 1992 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Israel-Lëtzebuerg den 9. September 2009 op der Websäit vun European Football