Den Arbre du Ténéré ass e wichtegen Orientéierungspunkt quasi an der Mëtt vun der Ténéré-Wüst am Niger. Beim Arbre du Ténéré deelt sech d'Pist, déi vun Agadez kënnt, iwwer de Pëtz vun Achegour op Dirkou a weider südlech iwwer d'Oas Fachi op Bilma am Kaouar-Dall.
Ursprénglech war den Arbre du Ténéré eng Schiermakazie, déi als isoléiertste Bam vun der Welt gegollt huet - den eenzege Bam am Ëmkrees vu 400 km. D'Akazie gouf 1973 vun engem Camionschauffer ëmgerannt a gëtt haut am Nationalmusée vum Niger an engem eegene Pavillon ausgestallt... > méi
… den Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg uganks der 1960er Joren ugeluecht gouf, fir eng Ofwaasserleitung aus dem Péitrussdall mam Pafendall ze verbannen?
... Island souwuel op der nordamerikanescher wéi der europäescher Lithosphärplack läit?