Artikel vun der Woch
|
D'Ufäng vum Wuelfaartsstaat zu Lëtzebuerg kënnen am fréien 20. Joerhonnert festgemaach ginn. Zu enger Zäit an där d'Lëtzebuerger Ekonomie vun der Siderurgie dominéiert gouf, huet sech d'Regierung Eyschen mat der Aféierung vun der Sozialversécherung um soziale Modell vum Däitsche Keeserräich, um sougenannte Bismarck-Modell, inspiréiert an dësen zu Lëtzebuerg agefouert: Fir d'éischt d'Krankeversécherung (1901) an d'Aarbechtsonfallversécherung (1902), eppes méi spéit och d'Invaliden- an d'Renteversécherung (1911).
An den 1950er an 1960er Jore gouf de Sozialversécherungssystem non an no och op Aarbechter, Employeuren a Selbstänneger ausgedeent. Gläichermoosse war och den Agrarsecteur vun dëser Erweiderung betraff. An den 1960er an 1970er Jore koum et am Renten- a Gesondheetssystem zu weidere Reformen. Besonnesch am Rentesystem huet dëst zu enger Standardiséierung vun den Uspréch an der Finanzéierung vun der Rent gefouert. Gläichermoosse koum et zu enger Verbesserung vun de Rechter fir Preretraitéierter. D'Verantwortung vun der Organisatioun vum Lëtzebuerger Sozialsystem louch zu där Zäit virun allem beim Patronat an den Aarbechter, déi déi entspriechend Fonge verwalt hunn. Zënter den 1970er Jore bedeelegt sech och de Staat un der Finanzéierung vun dësem System. D'1980er an 1990er Jore goufe vun déif gräifenden Harmoniséierungsprogrammer gepräägt... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- ... d' Luxemburger Zeitung tëscht 1902 an 1940 zweemol am Dag eng nei Editioun erausbruecht huet?
- ... d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
- … d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn, an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
- ... nodeem dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoreetesch Führerschäiprüfung benotzt ginn ass?
- ... de belsche Kinnek Baudouin am Abrëll 1990 fir 36 Stonnen als net am Stand, ze regéieren erkläert gouf?
Archiv
|
|
|
|