Artikel vun der Woch
|
D'Manternacher Fiels ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Manternach a Mäertert, am Sirdall tëscht den zwou Uertschaften. Et ass Bëschgebitt, wouvun zirka 132 ha zanter 2000 ënner Naturschutz stinn. Am Kader vun der EU-Habitatdirectiv gehéiert den Dall tëscht Manternach an der Fielsmillen mat 171 ha gläichzäiteg zum europäeschem Natura 2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder.
Si ass besonnesch bekannt fir hire bemierkenswäerte Griechtebësch. D'Sir huet sech do Laf vun der Zäit duerch d'Waasserkraaft an d'Schichte vum Muschelkallek agedéift an den Dall geschaf. Duerch déi geologesch a klimatesch Bedéngungen an déi fréier Kulturlandschaft mat Wéngerten a Bongerte besteet den Dall haut aus engem villsäitegen, awer nach bal ganz mat Bësch bedecktem Gebitt. Ekologesch interessant ass deen no Norden exposéierten Hank vun der Fielsmillen, dee vum Manternacher Griechtebësch ageholl gëtt. Eng aner Bëschgesellschaft an der Reserv ass den thermophilen Eechebësch, dee sech um Südhank vun der Muschelkallek-Fielswand erstreckt. Weider bitt den naturnoe Waasserlaf vun der Sir en amphibesche Liewensraum.
E Léierpad, mat Depart bei der Sirdallbréck oder zu Manternach, erkläert op 17 Panneauen déi natur- a kulturhistoresch Aspekter vun der Manternacher Fiels... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- … d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn, an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
- ... nodeem dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoreetesch Führerschäiprüfung benotzt ginn ass?
- ... de belsche Kinnek Baudouin am Abrëll 1990 fir 36 Stonnen als net am Stand, ze regéieren erkläert gouf?
- … Ronnschwanzséikéi (Trichechidae, och "Manati" genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass, a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn, an opgehalen hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?
- ... den Ötzi iwwer 5000 Joer no sengem Doud e klengen diplomatesche Sträit tëscht Éisträich an Italien ausgeléist huet?
Archiv
|
|
|
|