D'Marie-Antoinette, gebuer den 2. November 1755 zu Wien als Maria Antonia Josepha Johanna vun Habsburg-Loutrengen, a gestuerwen zu Paräis de 16. Oktober 1793, war Äerzherzogin vun Éisträich, vu 1770 bis 1774 Dauphine vu Frankräich, a vun du bis 1792, als Fra vum Louis XVI., Kinnigin vu Frankräich an Navarra.
D'Fransouse waren ufanks vun hirem Charme an hirer Schéinheet beandrockt, mä geschwënn huet sech dat geännert, an der "Autrichienne" (mat Betounung op "chienne") gouf virgeheit, si wier prunksüchteg, géif friemgoen, a géif mat de Feinde vu Frankräich, besonnesch den Éisträicher, komplottéieren. D'Affär ëm d'Halsketten (mat där se näischt ze dinn hat) huet hire Ruff weider geschiedegt, a si krut spéiderhin de Spëtznumm Madame Déficit, well hir verschwenderesch Ausgaben dru Schold sollte sinn, datt et de franséische Staatsfinanze sou schlecht géing.
No der Flucht op Varennes, déi bei der Bevëlkerung ganz schlecht ukoum, gouf de Louis XVI. ofgesat, d'Monarchie ofgeschaaft an d'kinneklech Famill an den Temple-Prisong gestach. Aacht Méint nodeems hire Mann guillotinéiert gi war, gouf och der Marie Antoinette de Prozess gemaach, si hätt d'Prinzipie vun der Revolutioun verroden. Och si gouf zum Doud verurteelt an de 16. Oktober 1793 gekäppt... > méi
Aner Artikele vun der Woch