Artikel vun der Woch
|
D'Perserkricher waren am 5. Joerhonnert v. Chr. d'Versich vun de persesche Grousskinneken Dareios I. a Xerxes I., duerch militäresch Gewalt dat antikt Griicheland un hiert Räich unzeglidderen. Dës Entreprise hat, obschonn d'Perser bei wäitem iwwerleeë waren, keen Erfolleg. Vun de Griichen, déi gewonnen haten, gouf déi erfollegräich Verdeedegung vun hirem Mammeland, an och d'Affer déi si gefuerdert huet, séier zu engem nationale Mythos erhuewen, dee sech och an Theaterstécker wéi D'Perser vum Aischylos ausgedréckt huet. Dëse Mythos huet deelweis bis an d'20. Joerhonnert iwwerlieft, a gouf historesch dacks als Verdeedegung vun der Fräiheet vum Okzident géint orientalesch Despotie a Gewaltherrschaft ëmgedeit.
Se goufen duerch déi sougenannt Ionesch Revolt ausgeléist. Als Héichpunkten zielen d'Schluecht vu Marathon am éischten, an d'Schluecht vu Salamis am zweete Perserkrich. D'Néierlag vun de Perser hat grouss Auswierkungen op déi weider persesch a griichesch Geschicht. Déi wichtegst zäitgenëssesch Quell fir d'Evenementer ass den anticken Historiker Herodot, och wann een him net ëmmer all Wuert gleewe kann... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- ... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
- ... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
- … am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
- ... d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
- ... D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?
Archiv
|
|
|
|