2003
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1999 |
2000 |
2001 |
2002 |
2003
| 2004
| 2005
| 2006
| 2007
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2003.
D'Joer 2003 huet op engem Mëttwoch ugefaangen.
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 21. Januar: D'Finanzministere vun der EU decidéieren d'Afféiere vun enger Quellesteier zu Lëtzebuerg vun 2004 un.
- : 4. FebruarJugoslawien gëtt a Serbien a Montenegro ëmbenannt.
- 26. Februar: De Rolandas Paksas gëtt Staatspresident vu Litauen.
- 28. Februar: De Václav Klaus gëtt Staatspresident vun der Tschechescher Republik.
- 11. Mäerz: De Recep Tayyip Erdogan gëtt Ministerpresident vun der Tierkei
- 16. Mäerz: Parlamentswalen a Finnland.
- 10. Abrëll: De Juhan Parts gëtt Ministerpresident vun Estland.
- 24. Juni: De Matti Vanhanen gëtt Ministerpresident vu Finnland.
- 19. Oktober: Parlamentswalen an der Schwäiz.
- : Wale fir d' 7. DezemberDuma a Russland.
- 23. Dezember: Den Ivo Sanader gëtt Regierungschef a Kroatien.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 24. Juli: D'Saarautobunn gëtt opgemaach.
- 12. August: D'Uni Lëtzebuerg gëtt per Gesetz gegrënnt.
- 13. Oktober: D'Ausseministere Joschka Fischer (Däitschland), Dominique de Villepin (Frankräich) a Lydie Polfer (Lëtzebuerg) weien den Institut Pierre-Werner an.
- 26. November: De renovéierten Stater Theater gëtt ageweit.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 21. Mee: Äerdbiewe vun der Stäerkt 6,8 an Algerien, 2.266 Doudeger.
- 14. September: De President vu Guinea-Bissau, Kumba Ialá, gëtt an engem Staatsstreech ofgesat.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
- : De 1. JanuarLuiz Inácio Lula da Silva gëtt Staatspresident vu Brasilien.
- 25. Mee: Den Néstor Kirchner gëtt Staatspresident vun Argentinien.
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- 26. Dezember - En Äerdbiewen am Iran, mat Epizentrum zu Bam, fuerdert ongeféier 35.000 Affer.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
- 24. Mäerz-. Den US-President George W. Bush annoncéiert op der Televisioun den Ufank vum Krich géint den Irak (kuckt: Irakkrich).
- : Amarsch vun de vun den 9. AbrëllUSA geféierten Truppen zu Bagdad am Irak.
- 13. Dezember: Irak - De Saddam Hussein gëtt zu Tikrit gefaange geholl.
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
- 14. Juni: D'Su-Mei Tse gewënnt de Gëllene Léiw fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale vu Venedeg.
- 11. November: De Centre culturel Pierre Werner gëtt an der Neimënsterabtei ageweit.
Kino[änneren | Quelltext änneren]
- Elephant vum Gus van Zant gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes.
- Chicago kritt den Oscar vum beschte Film.
- Le Pianiste vum Roman Polanski ¨gëtt mam César vum beschte Film ausgezeechent.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 10. Oktober: Den 1. Lëtzebuerger Filmpräis gëtt verginn. Beschte Film sinn J'ai toujours voulu être une sainte vum Geneviève Mersch a L'homme au cigare vum Andy Bausch.
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Servais-Präis fir dem Jean Sorrente säin Et donc tout un roman.
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- 24. Mee: D'Sertab Erener gewënnt fir d'Tierkei mam Lidd Everyway that I Can den 48. Eurovision Song Contest zu Riga.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]
- : An der 1. JanuarEU ginn d'Bezeechnungen "light" a "mild" fir Zigarette verbueden, well dës an d'Ir féieren.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- Den CS Gréiwemaacher gëtt Foussballchampion.
- 29. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Zenica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:2 géint Bosnien-Herzegowina.[1]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der 2. AbrëllStad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:2 géint Norwegen.[2]
- 30. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Budapest 1:5 géint Ungarn. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[3]
- 11. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:2 géint Dänemark.[4]
- Centenaire vum Tour de France, de Lance Armstrong gewënnt eng 5. Kéier (Dësen Titel gëtt him 2012 wéinst Doping oferkannt).
- 19. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Esch-Uelzecht 1:1 géint Malta. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[5]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 6. SeptemberPloiesti, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:4 géint Rumänien.[6]
- 10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:1 géint Bosnien-Herzegowina.[7]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Oslo, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004, 0:1 géint Norwegen.[8]
- 20. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Hesper 1:2 géint Moldawien.De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manou Schauls geschoss.[9]
- 11. Dezember: De Kim Kirchen gëtt Sportler vum Joer.
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- : 3. JanuarGreta Thunberg, schweedesch Klimaschutzaktivistin.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 10. Januar: Paul Cerf, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.
- 10. Januar: C. Douglas Dillon, US-amerikaneschen Diplomat, Ekonomist a Politiker.
- 12. Januar: Kinji Fukasaku, japanesche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 12. Januar: Leopoldo Galtieri, argentinesche Generol an de-facto Staatspresident.
- 19. Januar: Françoise Giroud, franséisch Journalistin, Schrëftstellerin a Politikerin.
- 19. Januar: Mathis Wildanger, lëtzebuergesche Moler.
- 17. Januar: Richard Crenna, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Januar: Giovanni Agnelli, italiéineschen Enterpreneur.
- 25. Januar: Sheldon Reynolds, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 12. Februar: Ernest Arendt, lëtzebuergesche Jurist.
- 13. Februar: Walt Whitman Rostow, US-amerikaneschen Historiker an Ekonomist.
- 14. Februar: Pierre Hamer, lëtzebuergesche Jurist, Historiker an Auteur.
- 20. Februar: Ulrich Roski, däitsche Lidder-Mécher.
- 21. Februar: Willy Bourg, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Februar: Alberto Sordi, italieenesche Filmschauspiller.
- : 1. MäerzPaul Wagener, lëtzebuergesche Politiker an Zwangsrekrutéierten.
- : 2. MäerzAlbert Reuter, lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik a Foussballtrainer.
- : 3. MäerzHorst Buchholz, däitsche Schauspiller.
- : 4. MäerzSébastien Japrisot, franséischen Auteur a Filmregisseur.
- 12. Mäerz: Zoran Đinđić (ermuert), serbesche Politiker.
- 16. Mäerz: Lawrence Aller, US-amerikaneschen Astronom.
- 16. Mäerz: Lothar Koch, däitschen Oboist.
- 20. Mäerz: Gordian Troeller, lëtzebuergesche Journalist an Dokumentarfilmmécher.
- : 1. AbrëllMarcel Ernzer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 21. Abrëll: Nina Simone, US-amerikanesch Jazz-Sängerin (Eunyce Waymon).
- 22. Abrëll: Ramon Humbert, lëtzebuergesche Liichtathlet an Olympionik
- 25. Abrëll: Lynn Chadwick, brittesche Sculpteur.
- 14. Mee: Robert Stack, US-amerikanesche Schauspiller.
- 14. Mee: Wendy Hiller, englesch Schauspillerin.
- 15. Mee: Rik van Steenbergen, belsche Vëlossportler.
- 23. Mee: Jean Yanne, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 30. Mee: Günter Pfitzmann, däitsche Schauspiller.
- 12. Juni: Gregory Peck, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. Juni: Katharine Hepburn, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 4. JuliBarry White, US-amerikanesche Soulsänger.
- Georges Margue, lëtzebuergesche Jurist a Politiker. 4. Juli:
- 12. Juli: René Bürger, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 19. Juli: Pierre Graber, Schwäizer Politiker.
- 22. Juli: Udai a Kusai Hussein, d'Jonge vum Saddam Hussein.
- 25. Juli: John Schlesinger, US-amerikanesche Regisseur.
- 28. Juli: Bob Hope, US-amerikanesche Komiker.
- : 1. AugustMarie Trintignant, franséisch Schauspillerin.
- : 3. AugustJoseph Saidu Momoh, Militär a Staatschef vu Sierra Leone.
- 10. August: Jacques Deray, franséische Filmregisseur.
- 12. August: Walter Jackson Ong, US-amerikanesche Literaturwëssenschaftler a Medientheoretiker.
- 16. August: Idi Amin, fréieren Diktator vun Uganda.
- 19. August: Sérgio Vieira de Mello, UN-Sonnerbepdraagten am Irak.
- 29. August: Michel Constantin, franséische Schauspiller.
- 30. August: Charles Bronson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. August: Jean-Bernard Ney, lëtzebuergeschen Zaldot bei der Operatioun Overlord.
- : 8. SeptemberLeni Riefenstahl, däitsch Film-Regisseurin.
- 10. September: Marcel Decombis, franséische Pedagog; Matgrënner vun der éischter Europäescher Schoul.
- 11. September: Anna Lindh, schweedesch Ausseministesch.
- 12. September: Johnny Cash, US-amerikanesche Sänger.
- 14. September: Chen Kuen Lee, chineeseschen Architekt.
- 20. September: Jos Kinzé, lëtzebuergeschen Organist.
- 22. September: Nicolas Majerus, lëtzebuergesche Politiker.
- 28. September: Elia Kazan, US-amerikanesche Regisseur an Auteur.
- : 2. OktoberGunther Philipp, éisträichesche Sportler a Schauspiller.
- : 5. OktoberNeil Postman, US-amerikanesche Mediewëssenschaftler.
- 19. Oktober: Guido Bachmann, schwäizeresche Schrëftsteller.
- 20. Oktober: Jack Elam, US-amerikanesche Schauspiller.
- 30. Oktober: Jean Krier, lëtzebuergeschen Ekonomist a Banquier.
- : 9. NovemberMaurice Thoss, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. November: Canaan Banana, Methodistepaschtouer, President vu Simbabwe.
- 22. November: Piéral, franséische Schauspiller.
- 23. November: Johny Lahure, lëtzebuergesche Politiker.
- 27. November: Will Quadflieg, däitsche Schauspiller.
- : 1. DezemberFernando Di Leo, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 3. DezemberEllen Drew, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 5. DezemberFernand Koenig, lëtzebuergesche Bariton-Sänger.
- 14. Dezember: Marcel Engel, lëtzebuergesche Professer a Publizist.
- 20. Dezember: Rudy Houtsch, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 27. Dezember: Alan Bates, brittesche Schauspiller.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 2003 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg den 29. Mäerz 2003 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen den 2. Abrëll 2003 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Ungarn-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 2003 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Dänemark den 11. Juni 2003 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Malta den 19. August 2003 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Rumänien-Lëtzebuerg de 6. September 2003 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 10. September 2003 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen den 11. Oktober 2003 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Moldawien den 20. November 2003 op der Websäit vun European Football.info