Artikel vun der Woch
|
De Centre Émile-Hamilius war e Verwaltungsgebai vun der Stad Lëtzebuerg, am Zentrum vun der Stad, op der Plaz mam selwechten Numm (Place Émile-Hamilius), tëscht dem Boulevard Royal an der Rue Aldringen. De Centre Hamilius an d'Plaz sinn nom Émile Hamilius, dem fréiere Buergermeeschter (1946-1963) vun der Stad genannt.
D'Gebai huet 1977 seng Dieren opgemaach a gouf den 9. Mäerz 1979 offiziell ageweit. Bekannt war et virun allem wéinst dem Bierger-Center vun der Stad, deen do vun 2001 bis Enn 2011 funktionéiert huet, an och der Stater Bibliothéik (vun 1978 bis 2008).
Nodeem et, zesumme mat Nopeschhaiser, 2015 ofgerappt gouf, gëtt an de Joren duerno amplaz en neit Büros-, Geschäfts- a Wunnhaus mam Numm Centre Royal-Hamilius gebaut... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- ... de Basiliscus plumifrons, eng Eidechsenaart, op Franséisch och lézard Jésus-Christ genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann?
- ... deen éischte lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
- ... der UNESCO no e Buch op d'mannst 49 Säiten (ouni den Deckel) muss hunn?
- ... deen éischten Aarbechter, deen Deputéierten an der Chamber gouf, de Jean Schortgen, op engem 1. Mee bei engem Accident an der Grouf leie blouf?
Archiv
|
|
|
|