Artikel vun der Woch
|
Melusina ass den Numm vun enger weiblecher Seeërchersfigur, déi hallef Mënsch, hallef Fësch ass. Verbreet sinn d'Soe vun der Melusina (och: Mélusine, Melusine) a Frankräich, an Däitschland an och zu Lëtzebuerg, wou s'allkéiers dem lokale Kolorit ugepasst goufen.
D'Melusina gëtt no eeleren Usiichten mat der Artemis oder der Melissa a Verbindung bruecht, vläicht och mat der syrescher Gëttin Derketo, déi de Grof Guy de Lusignan 1102 op sengem Besëtz op Zypern kenne geléiert kéint hunn.
Déi eelst Melusine-So ass aus Frankräich bekannt. Tëscht 1392-1394 huet de Jean d'Arras Mélusine ou La Noble Histoire de Lusignan geschriwwen, wouran och de Roman de Melusine virkënnt, déi op nach méi aler mëndlecher Iwwerliwwerung berout... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- ... d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
- … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
- ... den Amazonas seng Quell 190 km vum Pazifik ewech huet, mä da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
Archiv
|
|
|
|