Artikel vun der Woch
|
Mars Science Laboratory (kuerz MSL) ass eng NASA-Missioun, déi als Zil huet, de Mars z'erfuerschen, ob a wéi wäit een en als Biosphär benotze kéint. Dofir gouf op senger Surface e Rover mam Numm Curiosity (engl. fir Virwëtz) ausgesat, dee praktesch autonom schaffe kann. En ass mat zéng Instrumenter ekipéiert, fir ë. a. Gestengs, Atmosphär a Stralung z'analyséieren. Nieft Spektrographe kommen och Kameraen a meteorologesch Instrumenter zum Asaz. D'Donnéeë ginn op d'Äerd gefunkt. De Curiosity huet eng Mass vu knapps 900 kg an d'Gréisst vun engem klengen Auto; et ass dee bis ewell gréissten Objet, deen d'Mënschen op der Marsuewerfläch deposéiert hunn.
De 26. November 2011 um 15:02 UTC war d'Sond u Bord vun enger Atlas V(541) vun der Cape Canaveral Air Force Station aus gestart, an de 6. August 2012 um 05:31 UTC um Mars gelant... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- ... bei Uergelpäifen ë. a. tëscht Labial- an Zongepäifen ënnerscheet gëtt?
- ... de lëtzebuergeschen Auteur Norbert Jacques d'Figur vum Doktor Mabuse erfonnt huet?
- … de Sender 1212 e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als "schwaarz Propaganda" nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?
- ... d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?
Archiv
|
|
|
|