Artikel vun der Woch
|
Déi Russesch-orthodox Péiter-a-Paul Kierch ass déi eenzeg russesch-orthodox Kierch zu Lëtzebuerg. Hire Bau geet op d'Initiativ vum Pater Serge Puch (ru: Сергей Пух) zréck, deen dofir an der ganzer Welt Done gesammelt huet. D'Gemeng Lëtzebuerg huet den Terrain zur Verfügung gestallt.
D'Kierch ass a véier Joer gebaut ginn a gouf den 12. Juli 1982 konsekréiert. Si steet an der Jean-Pierre-Probst-Strooss um Lampertsbierg, an der Stad Lëtzebuerg.
Déi fënnef Kuppelen hunn eng genee Bedeitung: D'gëlle Mëttelkuppel stellt Christus duer, déi aner Kuppelen a bloer Faarf déi véier Evangelisten. Et gouf och uecht gedoen, d'Kennzeechen an d'Proportioune vun orthodoxen Tempelen ze respektéieren, d'Bannenariichtung mat den Ikone feelerfräi no de Virstellunge vun den orthodoxe Chrëschte ze gestalten... > > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- … den Henri Tudor (1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u Bläivergëftung gestuerwen ass?
- ... dem Alfred Hitchcock säi Film Rope esou opgeholl gouf, wéi wann en aus enger eenzeger Astellung bestoe géif?
- ... vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm vun der Iechternacher Stadmauer der 5 erhale sinn an a Wunnengen ëmgebaut goufen?
- ... den Ötzi iwwer 5000 Joer no sengem Doud e klengen diplomatesche Sträit tëscht Éisträich an Italien ausgeléist huet?
Archiv
|
|
|
|