Artikel vun der Woch
|
D'Iwwerreschter vun der Réimervilla vu Giewel, am Bëschelchen Miecher tëscht Giewel, Simmer a Nouspelt, goufen 1964 vum Georges Kayser entdeckt. No sengem Doud hunn D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher, eng Equipe vu Fräiwëllegen, d'Ausgruewungen, déi hien ugefaangen hat, weidergefouert. Bis haut sinn op där 5 Hektar grousser Plaz 7 stenge Gebaier an 2 Pëtzer fräigeluecht ginn. D'Villa louch laanscht enger klenger réimescher Niewestrooss vum Kiem vu Reims op Tréier.
D'Villa ass, an hirer Ufanksphas, en typescht Beispill vun engem gréissere galloréimesche Akerbau-Betrib aus der Provënz Gallia Belgica. Aner handwierklech Beruffer wéi Schräiner, Schmadd, Schouster a Kuelebrenner, sinn duerch Fondstécker oder Strukture beluecht. Austereschuelen, Pärelen, Tréierer Sprochbecher, Schlaangefuedemglas, Fënsterglas, Amphore mat spueneschem Wäin, Wandmolereie mat floralem Muster zeie vun engem gewësse Luxus.
Während der Zäit vun der Vëlkerwanderung goufen d'Gebaier um Enn vum 4. oder ufanks vum 5. Joerhonnert verlooss, a sinn dono zesummegefall... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- … een an der Whirlpool-Galaxis (Messier 51 oder NGC 5194/5195), eng Spiralgalaxis am Stärebild Canes Venatici, eng äusserst aktiv Stäregebuert observéiere kann?
- … d'Berwart-Schlass zu Esch-Uelzecht 1954 ofgerappt gouf, fir 1956 als Kuliss fir d'Feierlechkeete vum Cinquantenaire nees fir kuerz Zäit opgeriicht ze ginn?
- ... d'Bundesamt für Seeschifffahrt und Hydrographie zu Hamburg déi gréisst Sammlung vu Fläscheposten op der Welt huet?
- … et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlofuerer mam Numm Nicolas Frantz gouf, woubäi een dovun, den Nicolas Frantz II, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, z'iwwerhuelen?
Archiv
|
|
|
|