Josy Stoffel
Josy Stoffel | |
---|---|
Gebuer |
27. Juli 1928 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Turner |
De Josy Stoffel, gebuer de 27. Juni 1928 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.[1]
Sportscarrière[änneren | Quelltext änneren]
Wärend 16 Joer, vun 1949 bis 1964 war en ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turnen an huet u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden (London 1948, Helsinki 1952, Melbourne 1956, Roum 1960 an Tokyo 1964) deelgeholl.[2]
Seng bescht international Resultater waren:
- 5. am Méikampf op der Weltmeeschterschaft 1950 zu Basel
- 3. am Päerdsprong op der Europameeschterschaft 1955 zu Frankfurt
1957 an 1960 gouf hien zum Sportler vum Joer gewielt.
Seng Fra, d'Yvonne Stoffel-Wagner, war och Turnerin an zanter 1945, wéi hien, Member vum Déifferdenger Turnveräin.
Trainercarrière[änneren | Quelltext änneren]
No senger aktiver Carrière war hien Nationaltrainer zu Lëtzebuerg (1965 - 1972). Virdru war e schonn Nationaltrainer an der Belsch (1955 - 1965). Hie war Trainer vun der Espérance Déifferdeng vun 1960 - 1976. Zu senge Schüler huet den Ady Stefanetti gehéiert.
Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]
- Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg[3]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Pierre Gricius: Selfmademan des Kunstturnens - Der fünffache Olympiateilnehmer Josy Stoffel wird heute 90 Jahre alt, am Luxemburger Wort vum 27. Juni 2018 S. 53
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Déi offiziell Säit vun der Gemeng Déifferdeng éiert de Josy Stoffel
- D'olympesch Resultater vum Josy Stoffel op Sports-reference.com
Virdrun | Sportler/Sportlerin vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Charly Gaul | 1957 | Charly Gaul |
Jean Link | 1960 | Sylvie Hülsemann |