gerecht
Léisunge
fir haut a muer

Fir eng Politik mat gerechte Léisungen

D’Piraten hunn elo 5 Joer an der Chamber gewisen datt mir eng konstruktiv Oppositiounsaarbecht leeschten. Mir si kritesch mat der Regierung wann et néideg ass – a scheien et och net se op d’Geriicht ze huelen – mee kënnen och zouginn wann se eppes gudd maachen.

Mir trieden un, fir déi nächst fënnef Joer eis Visioun vu gerechte Léisungen fir haut a muer ëmsetzen ze kënnen!

Lëtzebuerg huet eng Politik verdéngt déi no Léisunge sicht an net sech domadder zefridde gëtt fir Problemer ze fannen.

Den 8. Oktober hutt dir de Choix wéi eng Visioun vu Lëtzebuerg dir ënnerstëtze wëllt, eng déi an d’Vergangenheet kuckt an d’Zukunft aus den Aen verléiert, oder eng, wéi eis, déi no vir kuckt, gerecht Léisunge fir al Problemer sicht a proposéiert.

D’Piraten hunn nei Iddien fir al Problemer!

 

Sven CLEMENT
nationale Spëtzekandidat

Fir eng gerecht Steierreform

D’Piraten fuerderen en Ofschafe vun de Steierklassen an domat eng Besteierung, bei där all Persoun gläich behandelt gëtt, onofhängeg vum Bezéiungsstatus.

Kannerbetreiung

D’Piraten fuerderen d’Ausbezuele vun engem bore Chèque-Service d’Accueil, esou dass jidderee fräi entscheede kann, ob en seng Kanner an eng Struktur wëll ginn oder léiwer selwer bei senge Kanner doheem bleiwe wëll.

Sécherheet

D’Piraten fuerderen eng méi staark physesch Policepresenz op eise Stroossen an ëffentleche Plazen zesumme mat Street Workeren a sozialen Déngschter. Dat ass déi beschte Léisung, fir d’Sécherheetsgefill hei am Land z’erhéijen.

Oppen & digital Wirtschaft

D’Pirate fuerderen eng Vereinfachung vu Firmegrënnungen an en nohaltege Wirtschaftswuesstem, dee vun Recherche, Innovatioun an Digitalisatioun gedriwwe gëtt.

Séieren Accès am Gesondheetsberäich fir jidderen

D’Piraten fuerderen eng méi grouss Offer u Maisons médicalen, méi Informatioun zu deem wat ugebuede gëtt a méi laang Ëffnungszäiten, fir och wierklech d’Urgencen an de Spideeler kënnen z’entlaaschten.

Ëmweltfrëndlecht Verhale belounen

D’Piraten fuerderen dat all Persoun all Mount eng Direkthëllef (Klimabonus) ausbezuelt kritt an als Ausgläich d’CO2-Steier op verschiddene ëmweltschiedlechen Produkter ugepasst gëtt.

Fir jiddereen en Daach iwwert dem Kapp

D’Piraten fuerderen dat ëffentlech Wunnenge fir 10€ de Quadratmeter pro Mount sollen verlount ginn an iwwert d’Formel vum Mietkauf och e méiglechen Accès zur Proprietéit gebuede gëtt.

Dir sollt dierfe matschwätzen

D’Piraten fuerderen eng reell Biergerbedeelegung, wou mir ëffentleche Petitioune méi Gewiicht ginn, en participative Budget an en nationalen Biergerrot aféieren.

Dignitéit am 3ten Alter

D’Piraten fuerdere en universellen Zougang zu Zëmmeren an Alters- a Fleegeheemer, onofhängeg vun der finanzieller Situatioun vun de betraffene Leit.

Eis Kandidat:innen fir d'Chamberwalen

Eis Ekipp am Bezierk Zentrum

Eis Ekipp am Bezierk Norden

Eis Ekipp am Bezierk Süden

Eis Ekipp am Bezierk Osten

Komm och du bei eis an d'Ekipp!

Aktualitéiten

Piratepartei

1a, rue de Luxembourg
L-8184 Kopstal (Koplescht)
[email protected]
Telefon: (+352) 20 33 37

D'PIRATEN an der Chamber

22, rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
[email protected]
Telefon: (+352) 20 60 66