Wéi kënnt Dir Iech als Member an der Partei abréngen? Wat sinn Är Intressen? Är Erwaardungen un d’Partei? Hei hutt Dir als Member d’Wuert a fannt wichteg Informatiounen iwwert d’Parteiliewen.
- Mäin Engagement – Dir hutt eng ganz Rei Méiglechkeeten fir Iech an der CSV anzebréngen.
- Meng Intressen an Erwaardungen – Fir wéi eng Themegebidder interesséiert Dir Iech? Wat sinn Är Erwaardungen un d’Partei? Wou géift Dir gäre matschaffen?
- Meng Kompetenzen – Dir kennt Iech duerch Äre Beruff, Är fräiwëlleg Engagementer oder Är Interessen a spezifeschen Themegebitter besonnesch gutt aus? Dir sidd bereet Iech mat Ärem Wëssen an Äre Kompetenzen an der Partei anzebréngen? Da sot eis hei Bescheed
- Meng Formatiounen – D’Partei bidd de Membere am Kader vun der CSV-Akademie reegelméisseg nei Formatiounen un. Hei fannt Dir den aktuelle Formatiounsprogramm an all Informatioune fir Iech unzemellen.
- Meng Donnéeën aktualiséieren – Virun allem, fir, datt Äre Courrier an all wichteg Informatiounen Iech weiderhin areechen, kënnt Dir hei Är Memberdonnéen aktualiséieren, wann et Ännerunge gouf (Adress / Emailadress / Telefonsnummer / berufflech Situatioun …).
- Meng Cotisatioun – Hei kritt Dir déi néideg Informatioune rondrëm de Joeresbäitrag an Dir kënnt Är Membercotisatioun och online bezuelen.
- Mäin Don – Hei kritt Dir déi néideg Informatiounen, wann Dir eis mat engem Don wëllt ënnerstëtzen