Artikel vun der Woch
|
D'Portugisesch Republik (República Portuguesa) oder och einfach nëmme Portugal, ass e Staat am Südweste vun der iberescher Hallefinsel. E gëtt am Westen an am Süde vum Atlanteschen Ozean, am Osten an am Norde vu Spuenien begrenzt. Donieft gehéieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den Azoren souwéi Madeira. Westlech vun der Haaptstad Lissabon läit Cabo da Roca, dee westlechste Punkt vum europäesche Festland.
Den Numm Portugal entstaamt dem Numm vun der Siidlung Cale am Delta vum Floss Douro. Wéi Portugal zum Réimeschen Imperium gehéiert huet, gouf Cale e wichtegen Hafen, op Latäin Portus Cale. Am Mëttelalter gouf Portus Cale zu Portucale, duerno Portugale, woubäi dëst Wuert am 7. an am 8. Joerhonnert nëmmen déi nërdlech Deeler vum Land waren.
D'Vir- an d'Fréigeschicht vum Land entsprécht zum gréissten Deel der Entwécklung an den anere Regioune vun der Iberescher Hallefinsel. No 450 v. Chr. gouf dat Gebitt vu Karthago eruewert an nom Zweete Punesche Krich u Roum ofgetrueden. Vun de Réimer gëtt et ënner dem Numm Lusitania zum Deel als eegestänneg Provënz verwalt. Déi réimesch Herrschaft hält op an der Vëlkerwanderungszäit. Am Joer 711 gëtt d'Land vun de Mauren eruewert, Portugal gëtt en Deel vum Kalifat vu Cordoba... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- ... Neutral-Moresnet tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an duerno d'Belsch op der anerer, sech net eens goufen, wien e kréich?
- ... de Vincent Wiesenbach (1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?
- ... et beim lëtzebuergesche Schoulgesetz vun 1912 zu engem gudden Deel drëm goung, d'Muecht vun der Kathoulescher Kierch an de Primärschoulen anzeschränken, wat déi Jore virdrun zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht Lénks- a Rietsparteie gefouert hat?
Archiv
|
|
|
|