Herbert von Karajan
Den Herbert von Karajan, gebuer de 5. Abrëll 1908 zu Salzburg als Heribert Ritter von Karajan, an Éisträich offiziell Heribert Karajan; a gestuerwen de 16. Juli 1989 zu Anif, war en éisträicheschen Dirigent.
De Karajan zielt zu de bekanntsten a renomméiertsten Dirigente vum 20.Joerhonnert. Hien huet mat ville bekannte Symphonieorchesteren zesummegeschafft, an a ville bedeitenden Operenhaiser gewierkt.
Hien huet als Dirigent méi Stécker a Concerten opgeholl (Placken, Televisioun, Video) wéi déi meescht aner Dirigenten. Hien huet ronn 700 Wierker vu ronn 130 Komponisten opgeholl, a weltwäit goufen eng 300 Milliounen Tounsupporte mat sengem Numm verkaaft. De Museklabel Deutsche Grammophon (DG), fir déi de Karajan vun den 1960er Joren u geschafft huet, huet bis 2008 geschat een Drëttel vun hirem Ëmsaz mat Karajan-Opname gemaach.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Herbert von Karajan – Biller, Videoen oder Audiodateien |