Libretto

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Libretto, an der Méizuel Libretti, ass den Text vun enger Oper, engem Oratorium, enger Operett, engem Musical oder enger Kantat. Och Zeenarie vu Balleten a Pantomimë ginn dobäi gerechent.

D'Wuert kënnt vum Italieneschen a bedeit "Bichelchen". Seng Originnen huet den Numm vum italienesche Brauch, deen et zanter dem 17. Joerhonnert gëtt, fir d'Texte vun den Operen an enger Zort Täschebuch ze drécken, an et bei der Entrée vum Sall ze verkafen, datt d'Leit den Text konnte matliesen. A Frankräich gouf et eréischt als livret am Laf vum 19. Joerhonnert bekannt.

Déi literaturwëssenschaftlech Disziplin, déi sech mat der literarescher Erfuerschung vum Libretto beschäftegt, gëtt Librettologie genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Librettos – Biller, Videoen oder Audiodateien