1967
Vu Wikipedia
1962 | 1963 | 1964 | 1965 | 1966 | 1967 | 1968 | 1969 | 1970 | 1971 | 1972
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1967.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 21. Abrëll: Militärputsch a Griicheland.
- 22. Mee: Bei engem Feier am Bréisseler Akafshaus A l'Innovation kommen iwwer 300 Mënschen ëm d'Liewen.
- : Wéi am 1. JuliFusiounstraité virgesinn, leeën d'CECA, d'EWG an Euratom hir Exekutivorganer zu den Europäesche Communatuéiten zesummen.
- : Bei enger Manifestatioun géint de Staatsbesuch vum 2. Juniiranesche Schah zu Berlin kënnt et zu engem massive Police-Asaz; de Student Benno Ohnesorg gëtt vun engem Polizist erschoss.
- 21. August: E Camion, mat 40.000 Liter Bensin explodéiert, well seng Bremsen am Biergof versot hunn, zu Marteleng. Et gouf 22 Doudeger an Dosende vu schwéier blesséierten ze bekloen, eng ganz Rëtsch Haiser gouf zerstéiert.
- : A 3. SeptemberSchweden gëtt vum Lénks- op de Rietsverkéier op de Strooosse gewiesselt ("Dagen –H").
- 16. Oktober: D'Nato verleet hir Befehlszentral op Evere bei Bréissel.
- 18. November: Groussbritannien wäert wéinst sengem Handelsdefizit d'Britescht Pond ëm 14,3 % of.
- 27. November: De franséische President De Gaulle stëmmt op en Neits géint d'Demande vu Groussbritannien op Memberschaft an der EG.
- : Den 9. DezemberNicolae Ceausescu gëtt President vum Staatsrot (d. h. Staatspresident) vu Rumänien.
- 13. Dezember: De griichesche Kinnek Konstantin II. probéiert e Géigeputsch géint d'Colonellen, deen awer mëssléngt. Hie geet deen Dag drop op Roum an den Exil.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 19. Oktober Den éischte Cactus-Supermarché geet zu Bäreldeng op.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 13. Januar: Den Étienne Gnassingbé Eyadéma putscht a gëtt Staatspresident an Togo
- 21. Mäerz: Militärputsch a Sierra Leone.
- : Ufank vum 6. JuliBiafra-Krich an Nigeria.
- 28. November: Den Omar Bongo Ondimba gëtt Staatspresident vu Gabun.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
- 12. Juli: Schwéier Rassenonrouen zu Newark bei New York, déi sech iwwer de Süde vun den USA ausbreeden.
Mëttel- a Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
- Februar: Den Anastasio Somoza gëtt Staatspresident vun Nicaragua.
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- : D'Vereenegung vun de Süd-Ost-Asiateschen Natiounen ( 8. AugustASEAN) gëtt gegrënnt.
- : Den 3. SeptemberNguyễn Văn Thiệu gëtt zum President vu Süd-Vietnam gewielt.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten[änneren | Quelltext änneren]
- 5.–10. Juni: Krich vu Sechs Deeg tëscht Israel a sengen Noperen.
- 30. November: Südjemen gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
- D'Hippiebewegung ass am Summer of Love op hirem Héichpunkt.
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- : D' 8. AbrëllSandie Shaw gewënnt fir Groussbritannien mam Lidd Puppet on a String den 12. Eurovision Song Contest zu Wien.
Kino[änneren | Quelltext änneren]
- La 317e section vum Pierre Schoendoerffer.
- Beach Red vum Cornel Wilde.
- The Dirty Dozen vum Robert Aldrich.
- Tobruk vum Arthur Hiller.
- Le vieil homme et l'enfant vum Claude Berri.
- La nuit des généraux vum Anatole Litvak.
- Morituri vum Bernhard Wicki.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
- : Entdeckung vum éischte 2. JuliGammablëtz.
- : Éischt Häerz 3. Dezembertransplantatioun duerch de südafrikaneschen Dr. Christiaan Barnard
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- D'Jeunesse Esch gëtt Landesmeeschter am Foussballschampionat.
- 17. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Oochen 0:2 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[1]
- 29. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Barcelona 0:5 géint Spuenien.[2]
- 19. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:5 géint Belsch.[3]
- 16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:0 géint Polen.[4]
- 22. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Spuenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Josy Kirchens geschoss.[5]
- 22. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Bruges, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:3 géint Belsch.[6]
- 23. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Paräis, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968], 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Klein geschoss.[7]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- Valentine Strasser, Militär aus Sierra Leone.
- 14. Januar: Emily Watson, britesch Schauspillerin.
- 20. Januar: Wiegald Boning, däitsche Komiker a Moderator.
- 10. Februar: Jacky Durand, franséische Vëlossportler.
- 12. Februar: Anita Wachter, éisträichesch Alpinschileeferin.
- 14. Februar: Mark Rutte, hollännesche Politiker.
- 15. Februar: Linda Graf, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 18. Februar: Roberto Baggio, italienesche Foussballspiller.
- 19. Februar: Benicio del Toro, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Februar: Kurt Cobain, US-amerikanesche Museker.
- 21. Februar: Marc Thewes, lëtzebuergesche Jurist, Member vum Staatsrot.
- 24. Februar: Mireille Weiten-de Waha, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 25. Februar: Nick Leeson, briteschen Trader, Spekulant, Buchauteur, Foussballmanager.
- : 1. MäerzGilles Roth, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 20. Mäerz: Xavier Beauvois, franséische Regisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 25. Mäerz: Nathalie Reuter, lëtzebuergesch Molerin.
- 29. Mäerz: Michel Hazanavicius, franséische Filmregisseur.
- 27. Abrëll: Willem-Alexander, Kinnek vun Holland.
- : 3. MeeHélène Angel, franséisch Regisseurin.
- Paule Lemmer, lëtzebuergesch Molerin. 3. Mee:
- 13. Mee: Melanie Thornton, US-amerikanesch Pop-Sängerin.
- 17. Mee: Mohamed Nasheed, Politiker vun de Malediven.
- 18. Mee: Isabelle Welter, lëtzebuergesch Molerin.
- 31. Mee: Sandrine Bonnaire, franséische Filmschauspillerin.
- : 3. JuniTrixi Weis, lëtzebuergesch Sculptrice.
- : 4. JuniMarie NDiaye, franséisch Schrëftstellerin.
- : 9. JuniMichel Majerus, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 20. Juni: Nicole Kidman, australesch Schauspillerin.
- 21. Juni: Yingluck Shinawatra, thailännesch Politikerin.
- : 1. JuliPamela Anderson, kanadesch-US-amerikanescht Fotomodell a Schauspillerin.
- : 8. JuliKlaus Tschütscher, liechtensteinesche Politiker.
- 23. Juli: Philip Seymour Hoffman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Juli: Iris Roseneck, lëtzebuergesch Schéisserin.
- : 3. AugustMathieu Kassovitz, franséische Schauspiller, Regisseur a Dréibuchauteur.
- 13. August: Amélie Nothomb, belsch Schrëftstellerin.
- 21. August: Charb, franséische Cartoonist a Journalist.
- 26. August: Michael Gove, britesche konservative Politiker.
- : 7. SeptemberClaude Ganser, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. September: Dan Theis, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 13. September: Sascha Ley, däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin a Sängerin.
- 17. September: Petr Pravec, tschecheschen Astronom.
- 18. September: Tara Fitzgerald, englesch Schauspillerin.
- 28. September: Mira Sorvino, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 2. OktoberLena Johannson, däitsch Romanschrëftstellerin.
- 27. Oktober: Maurice Molitor, lëtzebuergesche Journalist an Televisiouns-Presentateur.
- 28. Oktober: Julia Roberts, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 1. NovemberIgor Muller, lëtzebuergesche Judoka.
- 15. November: François Ozon, franséische Filmregisseur.
- 22. November: Boris Becker, däitsche Tennisspiller.
- 24. November: Laurent Deville, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. November: Anna Nicole Smith, US-amerikanesch Schauspillerin a Fotomodell.
- 15. Dezember: David Černý, tschechesche Sculpteur.
- 21. Dezember: Micheil Saakaschwili, georgesche Staatspresident.
- 23. Dezember: Carla Bruni, italienesch Musekerin Fotomodell.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 16. Januar: Robert Jemison van de Graaff, US-amerikaneschen Ingenieur a Physiker.
- 19. Januar: Casimir Funk, polnesche Biochemiker, huet 1913 de Begrëff "Vitamine" kreéiert.
- 21. Januar: Ann Sheridan, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 29. Januar: Jean Morbach, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Ornitholog.
- : 6. FebruarMartine Carol, franséisch Schauspillerin.
- Henry Morgenthau, US-amerikanesche Politiker. 6. Februar:
- 15. Februar: Jacques Thilmany, lëtzebuergesche Schéireschläifer a Politiker.
- 18. Februar: Robert Oppenheimer, US-amerikanesche Physiker
- 21. Februar: Wolf Albach-Retty, éisträichesche Schauspiller.
- 24. Februar: Franz Waxman, däitsche Filmkomponist, Dirigent an Arrangeur
- 28. Februar: Cezaria Baudouin de Courtenay Ehrenkreutz Jędrzejewiczowa, polnesch Ethnologin, Philosophin a Linguistin.
- 15. Mäerz: Jean-Pierre Weber, lëtzebuergesch Foussballspiller an Olympionik.
- 13. Abrëll: Nicole Berger, franséisch Schauspillerin.
- 15. Abrëll: Totò, italienesche Schauspiller
- 19. Abrëll: Konrad Adenauer, däitsche Politiker a laangjärege Kanzler.
- 21. Abrëll: André Danjon, franséischen Astronom.
- 24. Abrëll: Wladimir Michailowitsch Komarow, sowjeteschen Kosmonaut.
- 25. Abrëll: Victor Wilhelm, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 29. Abrëll: Anthony Mann, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 15. Mee: Edward Hopper, US-amerikanesche Moler.
- 22. Mee: Alexei Alexandrowitsch Balandin, russesche Chemike
- 29. Mee: Georg Wilhelm Pabst, éisträichesche Regisseur.
- 30. Mee: Claude Rains, englesche Schauspiller.
- : 2. JuniBenno Ohnesorg, Student, deen op enger Manifestatioun zu Berlin vun engem Polizist erschoss gouf.
- 10. Juni: Spencer Tracy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Juni: Françoise Dorléac, franséisch Schauspillerin.
- 29. Juni: Jayne Mansfield, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- : 8. JuliVivien Leigh, britesche Schauspillerin.
- 13. Juli: Tom Simpson, englesche Vëlossportler.
- 22. Juli: Lajos Kassák, ungaresche Schrëftsteller.
- 26. Juli: Milán Füst, ungaresche Schrëftsteller.
- 14. August: Alex Federspil, Schmadd a Buergermeeschter vu Peppeng.
- 15. August: René Magritte, belsche Moler.
- 15. August: Manuel Prado y Ugarteche, President vu Peru.
- 16. August: Hermann Gisin, Schwäizer Zoolog.
- 19. August: Hugo Gernsback, lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder, Editeur a Schrëftsteller.
- : 1. SeptemberEmile Kolb, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 22. September: Albert Calmes, lëtzebuergeschen Historiker an Economist.
- 22. September: Harald Quandt, däitschen Industriellen.
- 29. September: Carson McCullers, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- : 1. OktoberPierre Schockmel, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- : 3. OktoberWoody Guthrie, US-amerikanesche Gewerkschaftler a Liddermécher.
- : 7. OktoberNorman Angell, britesche Schrëftsteller, Publizist a Friddensnobelpräisdréier
- : 8. OktoberClement Attlee, britesche Premierminister.
- : 9. OktoberErnesto Che Guevara, argentineschen Dokter a kubanesche Revolutionär.
- 15. Oktober: Marcel Aymé, franséische Schrëftsteller.
- 17. Oktober: Pu Yi, leschte Keeser vu China.
- 20. Oktober: Yoshida Shigeru, japanesche Ministerpresident.
- 21. Oktober: Ejnar Hertzsprung, däneschen Astronom.
- 30. Oktober: Julien Duvivier, Filmregisseur.
- 31. Oktober: Albert Wehrer, lëtzebuergesche Jurist an Diplomat.
- 11. November: François Baclesse, Dokter a Kriibsfuerscher.
- 14. November: Jéhan Steichen, lëtzebuergesch Journalist a Politiker.
- 28. November: Léon M'ba, éischte Staatspresident vu Gabun.
- : 9. DezemberCharles Léon Hammes, lëtzebuergesche Jurist a Riichter um CECA-Geriichtshaff.
- 10. Dezember: Otis Redding, US-amerikanesche Soul-Sänger.
- 11. Dezember: Howard Freeman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Dezember: Nicolas Thill, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Archeolog an Auteur.
- 24. Dezember: Edmond Chlecq, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. Dezember: Jean Deitz, lëtzebuergeschen Architekt.
- 25. Dezember: René Blum, lëtzebuergeschen Affekot, Diplomat a Politiker.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 1967 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg de 17. Januar 1967 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Spuenien-Lëtzebuerg den 29. Januar 1967 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 19. Mäerz 1967 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Polen de 16. Abrëll 1967 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien den 22. Oktober 1967 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 22. November 1967 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 23. Dezember 1967 op der Websäit vun European Football