Artikel vun der Woch
|
Den Geoffrey Chaucer, gebuer ëm 1343, wahrscheinlech zu London, an och do gestuerwen wahrscheinlech de 25. Oktober 1400, war en englesche Schrëftsteller an Dichter, deen als Auteur vun de Canterbury Tales berühmt ginn ass. An enger Zäit, an där d'englesch Dichtung zu engem groussen Deel nach op Latäin, Franséisch oder Anglonormannesch geschriwwe gouf, huet den Chaucer d'Sprooch vum Vollek benotzt, an huet domat d'Mëttelenglescht zu enger Literatursprooch erhuewen.
Säi Wierk ass staark vun antiken, franséischen an italienesche Virbiller markéiert, mä et fënnt een och metresch, stilistesch an inhaltlech Neierungen, déi d'Eegestännegkeet vun der fréier englescher Literatur grënnen. Säi Wierk gëtt meeschtens an dräi Phasen agedeelt, déi seng literaresch Aflëss a seng Emanzipatioun vu senge Virbiller erëmspigelen. Dem Chaucer säi fréit Wierk gëtt als seng "franséisch", seng Wierker vun 1370 un, als "italienesch" Phas, bezeechent. D'Canterbury Tales sinn zum gréissten Deel no 1390 a senger "englescher Phas" entstanen... > méi
Aner Artikele vun der Woch
|
Wousst Dir schonn datt...
|
- ... de Schwaarze Spiecht, dee virun dem Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
Archiv
|
Kierzlech Verstuerwener
|
|
|
|
|