D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohi fir seng absolutistesch Kinneke berühmt war (virun allem de Louis XIV.). Fir d'éischt Kéier an der europäescher Geschicht, zanter der Antiquitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regime iwwerworf. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddie vun de Lumières a ganz Europa verbreet.
D'Thema ass bis haut ënner Historiker ëmstridden, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee dee si ageschloen huet... > méi
... de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby (1891-1936) zweemol, 1924 an 1928, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?
... d'Kuer mat hiren Niewebaachen an d'Fooschtbaach am Éislek déi eenzeg Waasserleef zu Lëtzebuerg sinn, déi net zum Baseng vum Rhäin gehéieren, mä zu deem vun der Meuse?
... 1895, an de Pionéierjore vum Telefon zu Lëtzebuerg, e Mikro um Musekskiosk op der Plëss d'Arem un de Reseau ugeschloss war, fir datt d'Postbeamten de Sonndesconcert an der Telefonszentral nolauschtere konnten?