Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?

Artikel vun der Woch

Oelschiefer Luxemburg.jpg

Als Uelegeschifer bezeechent ee Sedimentgestengs, dat organescht Material ënner Form vu Bitumen oder Ueleg, deen net liicht verflitt, enthält. De Prozentsaz vum organesche Material, dat de “Kerogen” bilt, läit jee no de Plazen, wou den Uelegschifer virkënnt, tëscht 10 an 30 Prozent. Den Ueleg kann duerch Destillatioun aus dem Steen isoléiert ginn.

Zu Lëtzebuerg gëtt den ënneschten Deel vum Toarcium (Lias) vun Uelegschifer gebilt, deen an zwee Haaptgebidder affleuréiert: (1) am Raum Beetebuerg - Diddeleng - Keel; (2) am Raum Monnerech - Esch-Uelzecht - Zolwer - Déifferdeng - Kënzeg - Nidderkäerjeng - Schuller.

Den Alphonse de Prémorel (1799-1888) huet sech ëm d'Mëtt vum 19. Joerhonnert fir de Gebrauch vum Uelegschifer als Brennes an als Dünger agesat. Och den Apdikter Fréd. Fischer junior (1810-1871), deen an der Stad Lëtzebuerg d'Schwanen-Apdikt hat, huet fir eng Verwäertung vum Uelegschifer plädéiert. De Chemiker Gustave Faber huet sech Joerzéngte laang mat dem Uelegschifer beschäftegt, deelweis an Zesummenaarbecht mam Geolog Michel Lucius. Zu enger Exploitatioun vum Uelegschifer sollt et awer deemools net kommen, well si net rentabel hätt kënne sinn... > méi

Aner Artikele vun der Woch

Wousst Dir schonn datt...

Manati
  • Ronnschwanzséikéi (Trichechidae, och "Manati" genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass, a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn, an opgehalen hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?
  • ... nodeem dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoretesch Führerschäiprüfung benotzt ginn ass?
Schläifmillen, ëm 1834.
  • … d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn, an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
  • ... d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
Archiv

Kierzlech Verstuerwener

D'Yvette Chauviré, 1957

> Éischter am Joer - änneren

Op engem 2. November

Méi iwwer: ...den 2. November...en aneren Dag...dëst Joer
Schabloune vun dësem Mount

E Bléck op...


Berlin Hauptbahnhof Ostseite HDR.jpg

... Berlin Hauptbahnhof, d'Haaptgare vu Berlin.

Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen