10. Mee
Vu Wikipedia
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | ||||||
2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 |
9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 |
16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 |
23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 |
30 | 31 | |||||
2016 |
Den 10. Mee ass den 130. Dag vum Joer (131. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
- 1774: Frankräich: De Louis XVI. gëtt Kinnek vu Frankräich.
- 1871: De Fridde vu Frankfurt beendegt den Franséisch-Preisesche Krich. Frankräich muss d'Elsass an Deeler vu Loutrengen oftrieden.
- 1877: Lëtzebuerg: Zu Esch-Uelzecht gëtt d'Dekanatskiirch St. Joseph feierlech ageweit.
- 1904: Lëtzebuerg: Duerch Gesetz gëtt eng Eenheetszäit fir de ganze Grand-Duché agefouert.
- 1932: Frankräich: Den Albert Lebrun gëtt President vun der franséischer Republik als Nofolger vum Paul Doumer.
- 1940: Däitsch Truppe marschéieren an Holland, der Belsch an a Lëtzebuerg an. De Westfeldzuch huet ugefaangen.
- 1940: Lëtzebuerg: Däitsch Truppen iwwerfale Lëtzebuerg; d'Grande-Duchesse Charlotte an d'Regierung ginn an den Exil.
- 1949: Däitschland: Bonn gëtt Haaptstad vun der Bundesrepublik Däitschland.
- 1981: Frankräich: De François Mitterrand gëtt franséische President.
- 1994: Den Nelson Mandela gëtt President vu Südafrika
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 1934: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Léck 1:4 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mathias Becker geschoss.[1]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 1748: Louis Jean Pierre Vieillot, e franséischen Ornitholog.
- 1760: Claude Joseph Rouget de Lisle, franséische Komponist (Marseillaise), Dichter an Offizéier.
- 1760: Johann Peter Hebel, däitschen Dichter, evangelesche Theolog a Pedagog.
- 1760: Charles Melchior Artus de Bonchamps, franséischen Adelegen a Kommandant vun der Arméi vun der Vendée.
- 1796: Jean-Pierre Namur, Apdikter zu Iechternach.
- 1823: Hector Biver, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1888: Leo Müller, lëtzebuergesche Journalist, Editeur a Politiker.
- 1899: Fred Astaire, amerikanesche Schauspiller an Dänzer.
- 1900: Cecilia Payne-Gaposchkin, englesch Astronomin.
- 1902: Anatole Litvak, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1902: David O. Selznick, US-amerikanesche Filmproduzent.
- 1915: Pierre Mousel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1916: Josy Greisen, lëtzebuergeschen Dekorateur a Karikaturist.
- 1918: Alfred Weidenmann, däitsche Filmregisseur.
- 1920: Georges Arendt, lëtzebuergesche Bankier Fechter an Olympionik.
- 1923: Norbert Thill, lëtzebuergeschen Musekserzéier, Fotograf, Organist an Auteur.
- 1923: Roger Jacobs, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1927: Marcel Mart, lëtzebuergesche Politiker.
- 1928: Arnold Rüütel, estnesche Politiker a Staatspresident.
- 1930: George E. Smith, US-amerikanesche Physiker a Nobelpräisdréier.
- 1931: Ettore Scola, italienesche Filmregisseur.
- 1933: Nelly Wies, lëtzebuergesch Sportlerin am Bouschéissen an Olympionikin.
- 1933: Françoise Fabian, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Franco Pacini, italieneschen Astronom an Astrophysiker.
- 1942: Jean-Pierre Hansen, lëtzebuergesche Physiker.
- 1944: Marie-France Pisier, franséisch Schauspillerin a Regisseurin.
- 1952: Vanderlei Luxemburgo, brasilianesche Foussballtrainer.
- 1957: Sid Vicious, britesche Punk-Museker.
- 1960: Bono, iresche Museker.
- 1961: Luc Bonblet, lëtzebuergesche Politiker.
- 1962: David Fincher, US-amerikanesche Regisseur, Produzent a Schauspiller.
- 1972: Katja Seizinger, däitsch Alpinschileeferin.
- 1975: Frank Engel, lëtzebuergesche Politiker.
- 1977: Nick Heidfeld, F1-Pilot.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 1774: Louis XV., Kinnek vu Frankräich.
- 1849: Katsushika Hokusai, japanesche Xylograph.
- 1891: Carl Wilhelm von Nägeli, Schwäizer Botaniker.
- 1904: Henry Morton Stanley, engleschen Afrikafuerscher.
- 1932: Pierre Funck, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1977: Joan Crawford, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 1980: Leslie Peltier, US-amerikaneschen Astronom.
- 2002: Yves Robert, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur.
- 2004: Georges Wengler. lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 2006: Val Guest, englesche Filmproduzent a -regisseur.
- 2008: John Paul Wild, australeschen Astronom a Wëssenschaftsmanager.
- 2011: Henri Klees, lëtzebuergesche Linguist an Ethnolog.
Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 10. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |