MediaWiki
Vu Wikipedia
MediaWiki nennt sech d'Software mat där d'Wikipedia funktionéiert. Déi Wiki Software as a PHP geschriwwen.
MediaWiki gouf speziell fir Wikipedia geschriwwen, déi virdrun UseModWiki benotzt huet (Phase I). Déi nei Versioun (Phase 2) ass de 25. Januar 2002 erauskomm. Deen Dag soll alle Wikipedianer am Gediechtnes bleiwen als Dag vum Magnus Manske, dem Auteur vun där neier Software. D'Versioun krut als Wuertspill op d'Wikimedia Fondatioun dunn den Numm MediaWiki.
D'Software gëtt och nach vun anere Projete benotzt, dorënner: Wikivoyage, Wiktionary, Wikisource, Wikibooks a Wikiquote.
Déi aktuell MediaWiki Versioun ass d'v.1.6devel.