Torus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps edu mathematics-p.svg Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
En Torus

En Torus (Plural: Tori) ass eng geometresch Gestalt, déi d'Form vun engem Schwammreef oder engem Donut huet.

Méi genee gëtt ënnerscheet tëscht:

  • agebett Tori: Si entspriechen der Fläch vun engem Volltorus (kuckt ënnen) (bzw. engem Reef) als Deelmeng vum dräidimensionale Raum.
  • flaach Tori: Si ënnerscheede sech aus topologescher Siicht net vun agebetten Tori, sinn awer net gekrëmmt a loosse sech dofir och net als Deelmeng vum dräidimensionale Raum beschreiwen, mä als Quotienteraum vun der Fläch oder als kartesescht Produkt vun zwéi Kreesser.
  • Volltori: Si entspriechen engem gefëllten agebettenem Torus (kuckt uewen) (bzw. engem gefëllte Reef) als Deelmeng vum dräidimensionale Raum. Si sinn also geometresch Kierperen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Torus – Biller, Videoen oder Audiodateien