MediaWiki

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
MediaWiki Logo

MediaWiki nennt sech d'Software duerch déi Wikipedia funktionéiert. Geschriwwen ass dës Wiki Software a PHP.

MediaWiki gouf speziell fir Wikipedia geschriwwen, déi virdrun UseModWiki benotzt huet (Phase I). Déi nei Versioun (Phase 2) ass de 25. Januar 2002 erauskomm. Dësen Dag soll alle Wikipedianer am Gediechtnes bleiwen als Dag vum Magnus Manske, dem Auteur vun dëser neier Software. Dës Versioun krut als Wuertspill op d'Wikimedia Fondatioun dunn den Numm MediaWiki.

D'Software gëtt och nach vun anere Projete benotzt, dorënner: Wikitravel, Wiktionary, Wikisource, Wikibooks a Wikiquote.

Déi aktuell MediaWiki Versioun ass d'v.1.6devel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]