1976
Vu Wikipedia
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1971 | 1972 | 1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1976.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 24. Januar: Äerdbiewe bei Muradiye, Tierkei, zirka 3.850 Doudeger
- : 2. AbrëllPortugal gëtt sech eng nei Verfassung.
- : Den 5. AbrëllJames Callaghan gëtt Premierminister vu Groussbritannien.
- 25. Abrëll: Parlamentswalen a Portugal, déi vun der sozialistescher Partei gewonne ginn.
- 20. Juni: Parlamentswalen an Italien.
- 27. Juni: Den António Ramalho Eanes gëtt Presidet a Portugal.
- 10. Juli: Ecologesch Katastroph zu Seveso, Italien.
- 13. Juli: Den Giulio Andreotti gëtt Premierminister an Italien.
- 23. Juli: De Mario Soares gëtt Premierminister a Portugal.
- 25. August: De Raymond Barre gëtt Premierminister a Frankräich.
- : Bundestagswalen an Däitschland. 3. Oktober
- : Den 8. OktoberThorbjörn Fälldin gëtt Premierminister a Schweden.
- 17. November: A Spuenien gëtt per Gesetz d'Diktatur ofgeschaf.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 18. Dezember: 10.000 Leit bedeelege sech un engem Streik fir d'Vollbeschäftegung.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 16. Juni: Brutal Niddeschloen duerch Police an Arméi vun enger friddlecher Manifestatioun vu Schüler zu Soweto a Südafrika, déi géint d'Aféiere vun Afrikaans als Unterrechtsprooch protestéiert hunn (Opstand vu Soweto).
- 29. Juni: D'Seychellen ginn onofhängeg.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
- : Duerch de 2. JuliSupreme Court gëtt an den USA d'Doudesstrof erëm agefouert (Affär Gregg vs. Georgia).
- : De 2. NovemberJimmy Carter (Demokraten) gëtt mat 50,1 % vun de Stëmmen (40,8 Milliounen) géint den Gerald Ford (Republikaner) 48 % (39,2 Milliounen) zum US-President gewielt. (47 % Enthalungen).
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
- 24. Mäerz: Putsch vum Generol Jorge Rafael Videla an Argentinien.
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- 28. Juli: Aerdbiewen a China: 240.000 Doudeger.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- : D'Grupp 3. AbrëllBrotherhood of Man gewënnt fir Groussbritannien mam Lidd Save Your Kisses for Me den 21. Eurovision Song Contest zu Den Haag.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
- : De 1. AbrëllSteve Jobs an de Steve Wozniak grënnen d'Firma Apple.
- 20. Juli: Der onbemannter NASA-Sonde Viking I geléngt déi éischt erfollegräich Landung um Planéit Mars.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 4. - 15. Februar:Olympesch Wanterspiller zu Innsbruck.
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.[1]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lier 0:3 géint Belsch.[2]
- 24. Mee: De Muhammad Ali huet säi Boxkampf a Weltmeeschtertitel am Schwéiergewiicht géint de Richard Dunn an der Olympiahal zu München duerch technesche KO gewonnen.
- 17. Juli - 1. August: Olympesch Summerspiller zu Montréal a Kanada.
- 21. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Reykjavík 1:3 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[3]
- 22. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Helsinki, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:7 géint Finnland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Zender geschoss.[4]
- 16. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:4 géint Italien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[5]
- 10. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zur Déifferdeng 0:4 géint Belsch.[6]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- ; 4. JanuarAugust Diehl, däitsche Schauspiller.
- : 8. JanuarChristian Lavey, lëtzebuergeschen Zauberkënschtler.
- 14. Januar: Benoît Joachim, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 21. Januar: Emma Bunton, britesch Sängerin.
- 23. Januar: Vincenzo Centrone, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. Februar: Fred Neuen, lëtzebuergesche Filmproduzent.
- : 1. MäerzMichéle Walerich, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- : 8. MäerzFreddie Prinze jr., US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Mäerz: Zhu Chen, chinesesch Schachgroussmeeschterin.
- 20. Mäerz: Chester Bennington, Sänger vun der Band Linkin Park
- 25. Mäerz: Wladimir Klitschko, ukrainesche Boxer.
- 29. Mäerz: Marc Vanacker, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 24. Abrëll: Juan Manuel Gárate, spuenesche Vëlossportler.
- 14. Mee: Tom Jungen, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- : 8. JuniNancy Weiland, lëtzebuergesch Molerin.
- 18. Juni: Maxim Alexandrowitsch Galkin, russesche Parodist an Entertainer.
- : 3. JuliRalph Diseviscourt, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 4. AugustLinda Eischen, lëtzebuergesch Konschthistorikerin.
- : 6. AugustSonja Kmec, lëtzebuergesch Historikerin.
- 13. August: Laurent Felten, lëtzebuergeschen Organist an Cembalist.
- 27. August: Mark Webber, F1-Pilot.
- 11. September: Marc Wilwert, lëtzebuergesche Fotograf.
- 24. September: Claude Lamberty, llëtzebuergesche Politiker.
- 26. September: Michael Ballack, däitsche Foussballspiller.
- 27. September: Francesco Totti, italienesche Foussballspiller.
- 18. Oktober: Dirk Bockel, lëtzebuergeschen Triathlet.
- 29. Oktober: Xu Yuhua, chinesesch Groussmeeschterin.
- : 2. NovemberRaquel Barreira, portugisesch Sängerin.
- 15. November: Virginie Ledoyen, franséisch Schauspillerin a Manequin.
- 16. November: Pierre Hansen, lëtzebuergesche Museker, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 22. November: Ville Valo, finnesche Rockmuseker (HIM).
- 23. Dezember: Martine Anne Breisch, lëtzebuergesch Schauspillerin.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- : 4. JanuarRudolf Minkowski, däitsch-amerikaneschen Astrophysiker
- : 8. JanuarZhou Enlai, chinesesche Politiker.
- 12. Januar: Agatha Christie, britesch Schrëftstellerin.
- 21. Januar: Josy Polfer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. Februar: Jean Servais belsche Schauspiller.
- : 1. FebruarWerner Heisenberg, däitsche Physiker an Nobelpräisdréier.
- Jules Prussen, lëtzebuergesche Philosophieprofesser. 1. Februar:
- : 4. FebruarPit Schneider, lëtzebuergesche Fotograf an Auteur.
- 23. Februar: Nicolas Huberty, lëtzebuergeschen Dokter a Resistenzler.
- 25. Februar: Paul May, däitsche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- : 1. MäerzAlbert Neumann, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 17. Mäerz: Luchino Visconti, italienesche Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Nicolas Margue, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. Mäerz: Bernard Montgomery, britesche Feldmarschall.
- : 1. AbrëllMax Ernst, däitsche Moler, Dadaismus & Surrealismus.
- : 5. AbrëllHoward Hughes, US-amerikanesche Pilot, Fligerbauer, Filmproduzent a Misanthrop.
- 20. Abrëll: Arno Stoffels, lëtzebuergesche Moler.
- 22. Abrëll: Jos Kirpes, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Abrëll: Carol Reed, britesche Filmregisseur a -produzent.
- : 2. MeeJean Muller, lëtzebuergesche Resistenzler.
- : 9. MeeUlrike Meinhof, Journalistin a Matgrënnerin vun der Rouder Arméi Fraktioun.
- 24. Mee: Karl Hugo Wieslander, schwedesche Liichtathlet.
- 26. Mee: Martin Heidegger, däitsche Philosoph.
- 31. Mee: Jules Krüger, lëtzebuergesche Komponist.
- : 6. JuniJean Paul Getty, US-amerikaneschen Industriellen a Konschtmäzen.
- 13. Juni: Jos Koetz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Juni: Joseph Wolter, lëtzebuergeschen Affekot a President vum 'Sequester'.
- : 7. JuliGustav Heinemann, däitsche Politiker.
- 18. Juli: Lucie Mannheim, däitsch Schauspillerin.
- 20. Juli: Guy de la Vasselais, franséische Colonel.
- 22. Juli: Rodolfo Zilli, italienesche Moler a Sculpteur.
- 29. Juli: Jos Krecké, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- Théo Jeitz, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik ? August:
- : 2. AugustFritz Lang, éisträichesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 5. AugustPierre Foucaud, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 10. August: Lambert Schaus, lëtzebuergesche Politiker an Diplomat.
- : 9. SeptemberMao Zedong, chinesesche Politiker.
- 10. September: Dalton Trumbo, US-amerikanesche Regisseur an Dréibuchauteur.
- 12. September: Mathias Reckinger, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 14. September: Emile Burggraf, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- : 1. OktoberGust van Werveke, lëtzebuergesche Journalist.
- 25. Oktober: Raymond Queneau, franséische Schrëftsteller an Dichter.
- : 4. NovemberMassimo Dallamano, italienesche Kameramann, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. November: Jean Gabin, franséische Schauspiller.
- 18. November: Man Ray, US-amerikanesche Fotograf a Moler.
- 23. November: André Malraux, franséische Schrëftsteller a Politiker.
- 23. November: Pierre Hemmer, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 24. November: Ernest Wurth, lëtzebuergesche Moler a Jurist.
- 25. November: Will Ollinger, lëtzebuergeschen Architekt.
- : 4. DezemberBenjamin Britten, englesche Komponist, Dirigent a Pianist.
- : 8. DezemberAlbert Borschette, lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.
- 14. Dezember: Alphonse Willems, lëtzebuergesche Chemiker.
- 14. Dezember: Donald Howard Menzel, US-amerikaneschen Astronom an Ufolog.
- 22. Dezember: Paul Weber, lëtzebuergeschen Historiker a Schrëftsteller.
- 24. Dezember: Gianni Graglia, italienesch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 1976 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 27. Mäerz 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Island-Lëtzebuerg den 21. August 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Finnland-Lëtzebuerg den 22. September 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 16. Oktober 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 10. November 1976 op der Websäit vun European Football