Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Och Dir kënnt hei matmaachen!

Artikel vun der Woch

Common Crane (Grus grus) - Flickr - Lip Kee.jpg

D'Huergäns (Grus grus), och nach Hoergäns oder Krukert genannt, ass e Vugel aus der Famill vun de Gruidae. D'Aart gehéiert also, trotz hirem Numm, net zu de Gänsen (Anseridae).

D'Huergänse liewe vum Fréijoer bis an den Hierscht an de Fiichtgebidder an an de Mouere vu Skandinavien, Osteuropa an och groussen Deeler vu Sibirien. Sie friesse Planzen a kleng Déieren. Hir Zuel huet an de leschte Joren zougeholl, sou datt d'Aart haut net a Gefor ass.

Am Hierscht verloossen d'Huergänsen hir Bruttgebidder am Norden a fléien a Gruppen no Süden, wou s'iwwerwanteren. Déi europäesch Huergänsen iwwerwantere virun allem am Süde vu Spuenien, an Nordafrika an zum Deel och südlech vun der Sahara. Zanter enger Rëtsch Joren iwwerwantert och eng Grupp vun hinnen um Lac du Der am Nordoste vu Frankräich.

Während dem Zuch forméieren d'Huergänse sech meeschtens zu spektakuläre Gruppen, dacks a Form vun engem V oder enger Eent. Se halen da Kontakt ënnerenee mat engem charakteristesche Ruff, (de lëtzebuergeschen Numm Krukert ass vun deem Ruff ofgeleet)... > méi

Aner Artikele vun der Woch

Wousst Dir schonn datt...

Pierre Brunehaut 01.jpg
  • ... et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
  • ... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
  • ... den Antoine Meyer (1801-1857) den Auteur vum éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (1829) war?
Archiv

Kierzlech Verstuerwener

Fabiola
> Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

US Navy 041216-N-3236B-020 The Grand Duke Henri and The Grand Duchess Maria Teresa laid flowers at a tomb of a fallen World War II U.S. Solider at the American Military Cemetery in Luxembourg.jpg
... de Groussherzog Henri an d'Groussherzogin Maria Teresa, déi um Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm Blummen néierleeën, als Undenken un d'Affer vun der Ardennenoffensiv (Foto: 16.12.2004).

Archiv

Op engem 15. Dezember

Oscar Niemeyer
Méi iwwer: ...de 15. Dezember...en aneren Dag...dëst Joer
Schabloune vun dësem Mount

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen